An déck zwee Méint ass nees eng lass um Glacis, da lackelt d'Schueberfouer Gäscht vun iwwerall hier fir zesummen ze feieren. Vläicht sollt een dat net nëmme fir déi gréisste Kiermes am Land maachen? D'Christiane Kremer mécht sech haut am Apropos mol „Kiermesgedanken“

Si haten all rout T-Shirten un a si mat hiren Instrumenter duerch d'Stroosse getrëppelt. Net am Cortège, mä labber beieneen, si bei den Haiser stoe bliwwen an hunn e Ständchen gespillt. An dacks ass dann och eppes an d'Këscht komm, fir déi Méi. Just net iwwerall war een doheem an net jiddereen huet oder konnt oder wollt och vläicht opmaachen. Vläicht well en net weess, firwat déi Leit do lo koumen a firwat se d'Këscht oder de Grapp opgehalen hunn. Oder ass et jidderengem geleefeg, datt Kiermes am Duerf ass, wann d'Musek den Hämmelsmarsch spillt?

Ech hu mech dat gefrot a mech derbäi ertappt, datt ech et géing traureg fannen, wann esou Gewunnechten, déi sou typesch sinn an eis ausmaachen, géinge verschwannen. A wann se verschwannen, ob mer dann net selwer dru schold sinn, well mer dat net méi verstinn, net méi liewen an och net méi weidervermëttelen. Sécher hunn déi Fester ëmmer iergendwéi eppes mat Relioun ze dinn an net jidderee wëll dozou e Lien. Ma et ass jo awer och eng Form vu Gesellegkeet, eng Traditioun, Folklor an och Identitéit. Oder?

Neen, neen, neen, ech wëll domadder elo net op d'Resultat vum Referendum eraus, well iergendwéi ass een dach midd vun all deem, wat do un Argumenter hin an hier gehäit ginn ass an heiansdo hat een d'Impressioun, mir hätten eng gespléckte Gesellschaft am Land. Dobäi denken ech, datt mer eis, ob Jo- oder Neen-Soer, méi eens sinn, wéi mer mengen.

Mir wëllen all, datt et eis an eisem Land gutt geet, datt mer dorunner an dofir zesummeschaffen, egal wéi eng Racinnen an Originne mer hunn. Mir wëllen, datt Lëtzebuerg sech entwéckelt an awer eenzegaarteg bleift. A wat ass esou eenzegaarteg?

Sécher emol de Fait, datt mer eis, ouni laang ze iwwerleeën an e puer Sprooche kënnen ausdrécken an awer eng Sprooch hunn, déi eis zesummenhält. An dat ass keng Floskel, well an de leschte Wochen ass mer bei Liesungen a Klasse vum Fondamental opgefall, wéi gutt Kanner vu verschiddenen Nationalitéiten zesumme léieren a spillen: nämlech op Lëtzebuergesch.

Eis Sprooch ass esou lieweg wéi nach ni, si verbënnt a si gëtt nach méi räich, well se och ëmmer vun anere Sproochen inspiréiert gëtt.

Vläicht kënne mer eis Gebräicher, Gewunnechten, Fester, Geschichten a wat nach, och esou lieweg halen, datt se Vermëttler sinn tëscht de verschiddenen Natiounen a Kulturen, déi hei zesumme liewen a feieren a sech austauschen.

A vläicht och de „Kaffi stoe loossen, fir deene schéinen Hämmelen nozegoen“.

AUDIO: Apropos "Kiermesgedanken"