Gëtt et intelligent Liewen am Weltall? Doriwwer ginn d'Meenunge jo ganz wäit auserneen. Am Apropos vun haut probéiert d'Bea Kneip eng Äntwert op déi Fro ze fannen.

De Fortschrëtt ass net opzehalen. Eent vun de grousse Rätsele vun der Mënschheet konnt elo  geléist ginn. Endlech wësse mer wéi d’Lächer an de Kéis kommen! Mä ëmmer nach ginn et e puer Froen déi misste beäntwert ginn. Zum Beispill: ginn et ausserierdesch Liewesformen oder si mer mudderséileneleng an dem risegen Universum? E bëssen enttäuschend wier dat jo schonn, zemol well mer eis esou gäre virstellen wéi déi Ausserierdesch kéinten ausgesinn. Sinn et sympathesch kleng Kärelen wéi den E.T? Ausgeflippte Brutaloen wéi am Tim Burton sengem Film  Mars Attacks? Emotiounsfräi Logiker wéi de Mr Spock? Eppes wéi dem Ridley Scott seng Aliens, den Jabba the Hutt oder soss eng vun deene sëlleche Figuren aus dem Star Wars Epos? Der Fantasie si keng Grenze gesat, Hollywood seet Merci! Mä wann et der ire sollte ginn, wéi géife mer mat hinnen a Kontakt kommen? Wann net grad e  Raumschëff zoufälleg op der Äerd en Panne fält (a stellt Iech emol déi Traffic-Info vir!), da si Radios-Signaler dee plausibelsten Zeenario. Radios-Messagen aus dem Weltall, ofgeschéckt vun intelligente Liewesformen déi mat eis wëlle Kontakt ophuelen! Esou mysteriéis Radios-Signaler goufen am australesche Parkes-Observatoire zënter 1998 ëmmer nees empfaangen, an onregelméissegen Ofstänn. Opgefall ass just dass déi ausserierdesch Radio-Amateuren mat Virléift an der Mëttesstonn aktiv waren. Offensichtlech hunn se an hirer Galaxie déi  selwecht Aarbechtszäite wéi mir, well de Weekend hunn se sech ni gemellt. An elo konnten se endlech gepëtzt ginn! Just dass déi Galaxie guer net esou wäit ewech war. An der Kiche vum Observatoire steet nämlech eng Mikrowell déi all Kéiers Interferenze produzéiert , wann en hongerege Stärekuckert d’Dir virzäiteg opmécht...Elo ass d’Welt also ëm eng Erfarung méi räich an ëm eng Illusioun méi aarm. Eigentlech schued, fannt der net?