Viru knapp 10 Joer ass d'Firma Luxtrust gegrënnt ginn. Déi Firma proposéiert Produiten, déi elektronesch Donnéeën ofséchert, virun allem am Online Banking. Mä de Gérard Floener ass nach ëmmer net begeeschtert vun deene Solutiounen, déi proposéiert ginn...

Dat huet scho viru 4 Joer ugefaang, wéi ech mäin éischten Token kritt hunn. Dee krut ech einfach net aktivéiert, well mäi Passwuert ze laang wor!

Cases.lu recommandéiert Passwierder vun op d'mannst 10 Zeechen ze benotzen. Luxtrust akzeptéiert awer nëmme Passwierder vu maximal 10 Zeechen.

Mä dorëms geet et elo mol net.

Ech hunn doheem op mengem Computer Linux lafen. Ee Betribssystem deen net esou immens verbreet ass, mä alles mécht, wat ech wëll a brauch.

Bis elo och bei menger Bank déi forcéiert Ëmstellung op Luxtrust als eenzeg Méiglechkeet komm ass, fir sech online ze identifizéieren. Mäin Token hunn ech nach ouni Problemer aktivéiert kritt. Mä meng Fra huet fir hir Aarbecht ee Signing Stick, a fir deen ënnert Linux un d'goen ze kréien wor net esou liicht.

Op der Säit vu Luxtrust steet just: Installéiert dëse Programm, an test dann Är Konfiguratioun.

Hunn ech alles gemaach! Installéiere kee Problem, den Test huet mir just gemellt, datt mäi Browser net déi optimaalst Versioun wier.

Dobäi hat ech deen Ament de Firefox 38 installéiert, Luxtrust selwer recommandéiert de Firefox vun der Versioun 33 un! Ech hunn an der Schoul op d'mannst geléiert, datt 38 méi ewéi 33 ass, an dofir och d'Konditiounen erfëllt.

Op där selwechter Säit wor och ee Link, dee mir déi recommandéiert Konfiguratioun nach eng Kéier weise sollt. Mä dee Link huet mech op eng "Page not found" Säit gefouert!

Immens professionnel! Dat stäerkt dach direkt mäi Vertrauen an eng Firma, déi mäin online Banking wëll méi sécher maachen.

Mä egal, de Browser wor just orange markéiert, den Test op Java.com huet mir och konfirméiert datt ech déi aktuellst Java Versioun installéiert hätt.

Mä wéi ech du bei der Bank probéiert hunn, mech iwwert Luxtrust unzemellen, hunn ech ee Fehler kritt. Keen, mat deem ech direkt eppes ufänke kann. Einfach eng Animatioun an där um Enn grouss ERROR stoung!

Also hunn ech op der Luxtrust Säit no Hëllef gesicht. A wat steet do: Fir Linux User kënne mir kee Support ubidden, adresséiert Iech w.e.g. un d'Communautéit vun de Linux User, villäicht kann do een Iech hëllefen.

An anere Wieder: Kuckt datt Dir eenz gitt, oder maacht ewéi all déi aner! Mir loossen eis finanzéieren, andeems mir eis Clienten forcéieren Produiten ze notzen, déi alles anescht ewéi benotzerfrëndlech sinn, a wann déi dann net eenz ginn, ass dat net eise Problem.

Um Enn hunn ech dunn effektiv d'Léisung fonnt. Een anere Lëtzebuerger Linux User hat sech och scho mat Luxtrust erëm geschloen, a wor esou fein, fir seng Léisung online ze setzen.

Wéi dat gaangen ass verroden ech hei net. Dat kënnen d'Experte bei Luxtrust sech selwer zesumme sichen, genee esou, wéi hir Clienten dat jo och musse maachen.

Mäi Vertrauen an d'Produite vu Luxtrust an d'Kompetenz vun där Firma ass duerch déi Erfahrung allerdéngs net gestäerkt ginn. A wann ech de Choix hätt, géif ech fir mäin Online Banking léiwer een anere Produit benotzen, dee professionell op alle méigleche Plattformen ënnerstëtzt gëtt.

AUDIO: 02/07/2015 Apropos: Luxtrust