Et gi Leit, déi wiesselen d'Laun sou séier wéi hiert Hiem. Et sinn der, déi si quasi chronesch gutt drop. Oder déi, déi ëmmer an iergendengem emotionale Lach sëtzen. Fir d'Leit ronderëm net ëmmer alles gutt z'erdroen. Mä alles huet säi Sënn, huet d'Christiane Kremer elo nogelies.

„Et ass keng gutt Stëmmung op der Welt. Et fillt ee sech sou bedréckt.“ Dee Saz hunn ech vrun e puer Deeg an engem Gespréich opgefaangen. Keen Eenzel-Fall, well wann een mat dësem oder deem an d'Gespréich kënnt, taucht ëmmer eent oder dat anert Thema op, dat d'Leit beschäftegt. Schonn eleng d'Iwwerschrëften an den Neiegkeete ginn duer fir bei jidderengem d'Gefill ze verstäerken, datt villes net gutt ass, villes eis traureg mécht oder rosen oder onsécher. Natierlech beréiert eis och dat, wat an eisem direkten Ëmfeld geschitt: Krankheet, Stress, Aarbechtslosegkeet, Doud- alles Themen, déi op d'Stëmmung drécken. An da komme mer séier op de Punkt eis selwer géigesäiteg ze berouege mat der Ausso: „Komm mir genéissen d'Liewen esou laang mer kënnen.“ Et ass jo och méi schéi, wann ee ka laachen a gecksen a feieren a frou sinn.

An awer soll een sech net dergéint wieren och emol granzeg ze sinn oder schlecht gelaunt oder traureg. Natierlech net fir anere Leit domadder op den Nerv ze goen, mä fir sech selwer ze hëllefen. Well, ob een et gleeft oder net: traureg sinn mécht eis méi sensibel, schlecht drop sinn deet eist Gehir schaffen. Mir verhale besser, denke besser, si méi opmierksam. Gefiller- op positiv oder negativ – beaflossen eis Gedanken an hëllefen eis och déi richteg Strategie ze fannen, fir mat enger Situatioun ëmzegoen. Si mer gutt gelaunt, kënne mer vrun allem besonnesch gutt op all déi Qualitéiten an dat Wëssen opbauen, déi mer schonn hunn. Si mer schlecht gelaunt oder traureg, da si mer méi opmierksam fir nei Informatiounen an Erfahrungen opzehuelen an ze verschaffen.

Dat huet eng Etude vun der University of New South Wales aus Australien erausfonnt.

Notoresch granzeg oder notoresch euphoresch sinn, ass deemno net d'Regel. Et soll een duerfe béides sinn a vu béidem dat notzen, wat mer brauchen. Nëmmen da bleiwe mer sensibel, opmierksam, kreativ, produktiv. Wien ëmmer laacht an alles iwwerspillt, ka krank ginn. Wien ni laacht a sech zeréckzitt awer och.

D'Natur brauch Sonn a Reen fir ze bléien, d'Séil wuel och.