D'Welt gëtt ëmmer méi kleng. Iwwert den digitale Wee réckele mir all méi no beieneen, wat seng Vir- an och seng Nodeeler huet. Den Daniel Nepgen zielt eis vun engem Mënsch, deen him un d'Häerz gewuess ass.

Kennt dir de "Jang"? Wann net, surft emol op rtl.lu a pléckt iech nom Zoufallsprinzip iergend en Artikel aus der Aktualitéit eraus, wou een e Kommentar drënner ka loossen. D'Chance, dass dir als Commentaire ënnert dem Artikel eng Remarque vum "Jang" fannt, läit praktesch bei 100%. De "Jang" kommentéiert alles, wat net bei dräi um Bam ass, an dat scho jorelaang.

Hien ass an der läscht e bësse méi roueg ginn, an trotzdem: Ännerungen um Stater Busreseau? Handygewunnechte vu Jugendlechen? Déngschtwunnenge vu Fonctionnairen? Grexit? De "Jang" weess zu allem eppes ze schreiwen a leet säi Pefferkär iwwerall bäi. Ufanks war ech genervt dovun. Et konnt ee keen Artikel opmaachen, ouni dass de "Jang" sech drënner veréiwegt hat, dacks esouguer als éischten.

Hie gouf mir mat der Zäit allerdéngs ëmmer méi sympathesch. An de leschte Joren ass nämlech Facebook dobäi komm. Och do gëtt et där "usual suspects", déi ëmmer zu allem eppes schreiwen. Dat huet awer eng aner Qualitéit. Op Facebook eskaléiert d'Saach zimlech séier, an d'Extremisten ënnert de Kommentatore schéngen carrément hiert Nascht do gemaach ze hunn. De "Jang" beschränkt sech op rtl.lu. An hie mécht eppes, dat vill Leit schénge verléiert ze hunn oder et nach ni richteg geléiert hunn: argumentéieren. De "Jang" schreift net nëmme seng Meenung, mä äntwert och anere Mat-Kommentatore leidenschaftlech op hir Iddien. Hie probéiert sachlech ze bleiwen ... a weess virun allem bescheed. Hie weess zB., dass den Doppler-Effekt bei de Radarkontrollen eng Roll spillt, weess firwat an Holland Foussgängerzonen esou gutt funktionéieren an dass et an Eritrea eng Hongersnout gëtt. Bei Artikelen, wou populistesch an aggressiv Kommentaren déif fléien, wéi zB. bei deem iwwer déi nei Lëtzebuerger Bierger Partei, setzt hien sech guer net eréischt virun de Klavier. Och dat ass e Statement.

Ech kann natierlech net behaapten, dass ech all "Jang"-Kommentar gelies hunn, deen et op rtl.lu gëtt. Mä hien ass, souwäit ech dat beuertdeele kann, ni ausfalend ginn a schéngt sech seng Kommentaren eng kéier duerch de Kapp goen ze loossen, ier hien eppes schreift. Ech weess duerch déi relativ Anonymitéit op eiser Internetsäit net, wien de "Jang" wierklech ass. Ech kann net soen, ob et eng eenzeg Persoun ass, an ech weess och net ob d'Useren "jean" oder "Jang_1" déi selwecht Persoun si wéi de "Jang". Mä u sech misste mir eis méi där "Jangen" wënschen. Därer déi, wa si sech zu Wuert mellen, och wierklech eppes zur Diskussioun bäidroen. Därer, déi kee Gëft verspreeën. Därer, déi konstruktiv sinn.

Also: "Jang", egal wou s du dru bass .... fuer esou virun.

Apropos: De Jang