70 Joer sinn et dëst Joer, dass den zweete Weltkrich op en Enn gaangen ass, d’Marie Gales huet dozou e puer Iwwerleeunge gemaach.

Ëmmer nees lafen Documentairen, Filmer an Ausstellungen iwwert dëse fierchterleche Krich, dee viru 76 Joer matzen an Europa ugaange war. 50 Milliounen Mënscheliewen goufen ausgeläscht an iwwreg blouf Zerstéierung an Entsetzen. Dat wëssen déi meescht vun eis…Ech och hu vill iwwert dëse Krich an der Schoul geléiert, selwer gelies a gekuckt; meng Elteren, déi de Krich nach materlieft hunn, hu mir zum Beispill erzielt, dass si deemools eng Stonn Zäit hate fir e puer Saachen zesummen ze rafen a séier virun de Preisen ze flüchten. Ech krut vun engen Monni erzielt, deen zwangsrekrutéiert war a ni méi aus Russland erëmkomm ass. Ech sinn elo 43 Joer a quasi mäi ganzt Liewen, war dëse Krich fir mech ganz no. Haut nach sinn ech un dësem Stéck Geschicht interesséiert. Mä entretemps sinn awer schonns vill aner Kricher geschitt, zum Beispill de Vietnamkrich. Och doriwwer hunn ech mech vill informéiert, mä war net méi sou äifreg dobäi wéi elo nach beim Zweete Weltkrich. Déi traureg Lëscht vun de Kricher geet natierlech virun, mä ech kommen net méi no fir mech och un all déi aner Kricher ze erënneren.
Dofir ass mir d’Fro an de Kapp komm, wéi gëtt e Krich an Zukunft verschafft? 1994 zum Beispill goufe bannent e puer Deeg 1 Millioun Mënschen am Ruanda massakréiert, wéi d'Volleksgrupp Hutu déi aner, d‘Tutsi ëmbruecht hunn. Ech hunn e puer Filmer gesinn, déi op richtege Faite baséieren an och schrecklech Documentairen… dat war et.
Oder deslescht hunn ech e Reportage gesinn iwwert de Massemord u méi wéi 8.000 Jongen a Männer zu Srebrenica, deemools virun 20 Joer am Balkankrich. Keng Biller, kee grousst Aushuelen vun de Faite vun dësem Krich!
Kann et sinn, dass déi Kricher vläit nach ze frësch sinn fir konkret driwwer ze schwätzen? Oder ginn déi vill Kricher an eiser séierer Welt ënner, an deem Sënn, dass et sou vill Misère op der Welt gëtt an sou Documentairen wéi et se aus dem zweete Weltkrich gëtt, net méi erwënscht sinn? Oder och guer net méi schockéiere géifen? Wéi gëtt dee schreckleche Krich a Syrien an 20/30 Joer verschafft? Schwätzt een a 70 Joer nach vum Balkankonflikt, well dozou zielen den 10-Deeg-Kriich a Slowenien, de Kroatiekrich, de Bosniekrich, de kroatesch-bosnesche Krich, de Kosovokrich an den Albaneschen Opstand a Mazedonien. Hätt Dir déi all kannt? Ech net…. ech hunn dat misste googlen. An dat bei engem Krich matzen an Europa…