E Moratoire fir de 5G!

A senger Carte Blanche schwätzt den Jean Huss, Präsident vun Akut an Ex-Deputéierten, haut iwwer net-visibel Risken a Geforen fir eis Gesondheet, fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Als Präsident vun Akut an Ex-Deputéierte wëll ech haut net och nach iwwert déi aktuell Corona-Pandemie schwätzen, obschonns et dobäi och a grad ekologesch Ursaachen gëtt, déi zum Ausbroch an der schneller Verbreedung vum Covid-19-Virus bäigedroen hunn.
Viru ronn 10 Joer war nämlech scho vu Wëssenschaftler viru Pandemien duerch zouneemend Déier-Mënsch-Iwwerdroungen an enger globaliséierter Welt gewarnt ginn, mee d’Politik hat dës éischt Warnungen ignoréiert, esou wéi dat bei anere Risikofacteuren an den leschte 50 Joer méi wéi eng eng Kéier geschitt war. E puer Stéchwierder just a Saachen Ëmwelt- a Gesondheetsrisiken a Skandaler: Asbest, Zigaretten, Amalgamm, Bläi am Bensin, Dioxin a PCB, Ozonschicht-zerstéierenden FCKW, DDT oder haut Glyphosat an esou virun.
Bei all dëse Fäll war et groussen Industrien a Konzerner Joren an esouguer Joerzéngtelaang gelongen, mat onéierlechen an deels kriminelle Methoden, d'Risike vun hiren Produkter ofzestreiden an ze niéieren, bis no laanger Zäit a ville Kranken an Doudegen dann awer schaarf Reegelungen oder Produktiounsverbueter politesch konnten duerchgesat ginn.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
En aktuellt a brisant Beispill an dësem Kontext ass ouni Zweiwel d’Diskussioun ronderëm Gesondheetsgeforen duerch elektromagnéitesch Stralung, mee och Risike fir d’Biodiversitéit, de Klima oder gesellschaftspolitesch an demokratesch Risiken duerch déi geplangten Aféierung vun den neie Frequenze vum 5G.
Um internationale Plang hate schonns zanter 2-3 Jore vill Initiative vun onofhängege Wëssenschaftler, Medezinner an Ëmweltorganisatioune virun enger ze schneller Aféierung vum 5G gewarnt, hei zu Lëtzebuerg hat eng Petitioun géint 5G schnell iwwert 7.300 Ënnerschrëfte gesammelt.
E puer Deeg virun enger vill ze kuerzer Diskussioun doriwwer an eiser Chamber ufanks Oktober hat de sougenannte Science.lu-Portal an engem sougenannte Faktencheck versicht, all d’Bedenken a Suerge viru 5G als wëssenschaftlech onbegrënnt duerzestellen, woubäi een awer wësse soll, dat hir Argumenter an d’Haaptquelle vun hiren Aussoen haaptsächlech Analyse vum Schwäizer FSM, der Stëftung Stroum a Mobilfunk-Kommunikatioun berouen, déi vu Swisskom an aneren Operateure finanzéiert ginn.
Dat ass onseriö an e wéineg esou, wéi wann d’Zigarettenindustrie selwer als wëssenschaftlech Referenz iwwert Gesondheetsrisike vum Fëmme géif ugesi ginn.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Honnerte vun onofhängege Wëssenschaftler a Mobilfunkfuerscher an dausende vu Medezinner warnen haut virun enger ze schneller a massiver Aféierung vum 5G a fuerderen dofir d’Applikatioun vum „Principe de précaution“ an e mehrjäregen Moratoire, ier irreversibel „Faits accomplis“ geschaaft ginn.
Deem kann ech nëmmen zoustëmmen!
Jean Huss
Präsident vun AKUT