Et geet drëm e richtege Baucode opzestellen, dee strukturéiert, hierarchiséiert, a fir d’Koherenz suergt vun allen Texte an där Matière. Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)

Inspiréieren mir ons vum „Code du Travail“, dee garantéiert datt all neien Text koherent mam bestoenden Kader ass. Elo brauchen mir a Baurecht an dat wuertwiertlech: a Recht fir ze bauen. A keen Kader den dat verhënnert.

Texter dierfen d’Kreativitéit vun Architekte an Ingenieure mat hiren Innovatiounen net erstécken!

Mir kënnen net méi op e "Bauteminister.in" verzichten, deen d'Kompetenzen an dësem Beräich am Interessi vun allen wäert hunn

Et geet net drëm, all d’Verwaltungen an d’Prozeduren eleng a seng Verantwortung ze setzen, mee eng eenzeg, koherent Äntwert vun der ëffentlecher Hand un d‘Bauhären an d‘Acteuren um Bau: een digitalen Guichet Unique.

Da muss manner legiferéiert ginn, awer besser mam konkrete Input vun den Acteuren um Terrain.

A loosse mer virun allem d’Normalisatioun op Initiativ vum Bausecteur favoriséieren.

Komm mir passen och den Oflaf vun de Projeten un d‘aktuell Wëssen an Ufuerderungen un.

D'Bauhären musse sech bewosst sinn datt eng detailléiert Programméierung am Virfeld an duerno eng integral Konzeptioun, laut der Methodologie MOAI "Maîtrise d’œuvre OAI", d'Konditioun ass fir eng effizient, séier an ekonomesch Realisatioun, am Aklang mat dem Investissement, an gläichzäiteg en nohaltegt a qualitativ Liewensëmfeld erméiglecht.

Et ass néideg de Projet ze figéieren ier een mat sengem Bau ufänkt.

Et ass och noutwenneg datt d'Bauhären déi néideg Ressourcen gi, fir Missiounen vun d‘Konzepteuren ze valoriséieren.

Schlussendlech mussen d'Prozeduren fir déi ëffentlech Vergabe moderniséiert gin nom Krittär vum „mieux-disant“, wa mir et  éierlech mat dem nohaltegen Bauen halen.

Mat eise Partner vum Bausecteur wäerte mir de Formateur vun der zukünfteger Regierung drun erënneren, datt den ëffentleche Secteur seng Roll als exemplareschen Bauhär muss assuréieren, andeems hien parallel zum Baurecht e „Code de qualité architecturale et technique“ opstellt, och fir experimentell an einfacht Bauen!