Frëndlechkeet ass eng Superkraaft

D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner deelt hir Gedanken iwwert d’Superkraaft vun der Frëndlechkeet.
Haut wëll ech Iech e puer Gedanken iwwer e Sujet deelen, deen eis voll Opmierksamkeet verdéngt. Loosst eis iwwer eng Kraaft schwätzen, déi an eiser Welt dacks ënnerschat gëtt: di léif Frëndlechkeet.
Vergiesst fir ee Moment d'Clichéë vun Einhorn a rosa Häerzer an taucht an déi gewote Welt vun der Frëndlechkeet.
Frëndlechkeet ass net nëmmen Ëmaarmungen a Laachen. Et ass eng Rebellioun géint d'Keelt vum Alldag, en Akt vun der Resistenz géint d'Gläichgëltegkeet, déi munchmol eist Liewen erreeche kann.
Mir liewen an enger heiansdo verréckter Welt, wou „zynesch sinn“ d'Norm schéngt. Eng Welt déi heiansdo besiess wierkt op Erfolleg zu all Präis.
Mee rot emol wat? Frëndlechkeet ass déi nei Rebellioun. Et heescht "Nee" ze soe fir ambient Negativitéit a konstant Konkurrenz. Et heescht "Jo" ze soen zur Konscht fir d'Leit un d‘Laachen ze kréien a staark Gemeinschaften opzebauen.
Frëndlechkeet ass keng Schwächt, et ass eng Stäerkt, eng Superkraaft. Si fuerdert Normen eraus, brécht Barrièren an hellt d’Idee ewech onbedéngt mussen iwwer Läichen ze fuere fir eppes z’erreechen. Tatsächlech, léif ze sinn, kann de Schlëssel fir méi authentesch Erfolleg sinn.
Also, fir déi, déi mengen d'Frëndlechkeet wier almoudesch kann ech just soen: "Absolut net! Et ass cool léif ze sinn. Et ass schéin Empathie ze weisen. Et ass spannend fir Somen vu Frëndlechkeet an enger heiansdo onschéi Welt ze seen.
Awer Frëndlechkeet fänkt mat Selbstléift un. Et ass wéi wann Dir Är eegen Taass fëllt ier Dir all déi aner fëllt. Et huet näischt mat Egoismus ze dinn, et ass einfach eng Strategie fir nach méi Léiwes ronderëm Iech ze verbreeden.
Also, léif Nolauschterer, ech fuerderen Iech eraus:
Sieft des Week-end bewosst léif. Huelt de Risiko déi Persoun ze sinn déi en Ënnerscheed mécht an engem aneren sengem Dag.
Kommt mir si méi dacks méi frëndlech a léif, kommt mir trauen eis anescht ze sinn.