Op der falscher Platz spuere kann deier ginn. Fir e Paradigmewiessel am ëffentlechen Optragswiesen: Qualitéit ass kee Luxus, mee deen eenzege Wee, fir eng nohalteg Zukunft ze bauen. Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).

Carte Blanche vum Pierre Hurt

Fir d’éischt d’Feststellung: D’Reglementatioun am Beräich vun den ëffentlechen Opdräg ass vill ze komplizéiert. Déi eigentlech nobel Ziler (Ëmweltschutz, Sozialaspekter, Zougank fir PME…) goufen net oder net genuch erreecht.
 
Et ass héich Zäit fir e Paradigmewiessel.
 
De 15. Mee 2025, am Kader vum 35. OAI-Gebuertsdag, hu mir mat eisen europäesche Partner eng Konferenz organiséiert, wou fir d’éischt Kéier Representante vun iwwer 1,5 Millioune Architekten an Ingenieuren aus ganz Europa zesummekoumen.
 
Do gouf d’„Lëtzebuerger Deklaratioun iwwer d’ëffentlech Opdräg“ ugeholl – e kloert Engagement fir d’Qualitéit vun der Planung, d’Nohaltegkeet an de laangfristege Wäert vun eisem Liewensëmfeld ze fërderen. D’Signataire froen ënner anerem:

• d’Unerkennung vun der spezieller Natur vun de intellektuellen Planungsleeschtungen
• d’Sécherstellung vu Marchésprozeduren, déi op Qualitéit an Innovatioun ausgeriicht sinn
• d’Verbesserung vum Zougank zu ëffentlechen Opdräg fir PME an nei Acteuren

Ëffentlech Opdräg hunn net nëmmen en enorme wirtschaftlechen Impakt – si si wichteg Instrumenter, fir eis gemeinsam Wäerter konkret ëmzesetzen: Si bestëmmen onsen deegleche Mode de Vie. Dofir muss d’ëffentlech Hand als „exemplaresche Bauhär“ virgoen!
 
Déi aktuell EU-Direktiv an och onst Gesetz gesäit d’Méiglechkeet vir, qualitativ, sozial an ekologesch Critèrë ze berécksiichtegen – dës Optioun gëtt awer bal ni genotzt. Mir musse méi wäit goen: d’Vergabe vun ëffentleche Opdräg nëmmen eleng op Basis vum niddregste Präis soll verbuede ginn.
 
Dofir muss déi zukünfteg europäesch an national Gesetzgebung e spezifescht Kapitel fir Planungsleeschtungen virgesinn, mat der obligatorescher Method „Quality Based Selection“ (QBS): fir d’éischt 80 vun 100 Punkten fir déi qualitativ Critèren, duerno maximal 20 Punkte fir de Präis. An d‘Leeschtungen sollen net méi op Basis vum Invest remuneréiert ginn.
 
Schlussendlech hu staatlech a kommunal Bauhären eng zentral Roll: si kënnen d’ëffentlech Opdräg zu engem Instrument fir eng nohalteg a sozial gerecht Entwécklung maachen. Wien op Qualitéit, Ökologie a Sozialverantwortung setzt, baut mat un enger méi gerechter a resilienter Zukunft.

Op der falscher Platz spueren kann deier ginn. Dofir richteg entscheeden mat onofhängege Planer. Qualitéit ass kee Luxus, mee deen eenzege Wee, fir eng nohalteg Zukunft ze bauen.

D’Lëtzebuerger Deklaratioun ass op Franséisch an op Englesch op OAI.LU nozeliesen.