Liesen: Muss dat sinn?

Bei Geleeënheet vun de Walfer Bicherdeeg eng Carte blanche vum Lambert Schlechter.
Et ass November.A wéi all Joer ëm des Zäit, an der Mëtt vum Mount, feiere mer zu Lëtzebuerg d’Fest vum Buch: op de Walfer Bicherdeeg, an hirer 22. Oplo, dëseWeekend, Samschdeg a Sonndeg, all Kéier vu moies 10 bis owes 18. Den Entrée ass fräi.
A muer den Owend - Donneschdeg - ëm 19.00 Auer ginn an enger feierlecher Zeremonie, ënnert dem grousseChapiteau, d’Laureate vumLëtzebuerger Buchpräis vun dësem Joer bekannt gemaach, jeeweilsan de Kategorien Literatur, Bild- a Konschtbuch, Sachbuch, a Kanner / Jugendbuch. An der Loft hänkt, als Iwwerraschung, dësen oder dee Spezialpräis vum Jury.
Fest vum Buch also. Fest vum Liesen.
An dat an enger Welt, wou net méi gelies gëtt. Esou gëtt gesot. An et stëmmt. Ma wor dat net ëmmer esou?
Déi Leit, déi liesen, sinn a woren ëmmer eng Minoritéit. Eng verschwindend Minoritéit. Ech schätzen, manner wéi 5% vun der Bevëlkerung. An der Schoul, dat erënnert ee sech, stoung d’Liesen um Programm, fir vill ass dat laang hir — azanterhier hunn sikee Buch méi opgemaacht, ausser vläicht eReklammekatalog oder héchstens e Kachbuch.Maache mer ons näischt vir.
Net liesen, net méi liesen, ni liesen, näischt liesen… ? Firwat eigentlech net? Et geet och ouni. Et muss net sinn. An d’Zäit vergeet sou schnell. An et gëtt sou vill ze dinn. Et gëtt dauernd Saachen ze dinn, vu moies bis owes. Nëtzlech Saachen. An dann ass den Dag eriwwer. An da muss geschlof ginn. Well dono kënnt jo schonn den nächsten Dag. An sou weider, bis zum Schluss.
Ech freeë mech elo schonn op den nächste Weekend zu Walfer. Do begéinen ech Leit, déi d’Bicher gär hunn, vill vun hinne bréngen och hir Kanner mat, et gëtt vill schéi Kannerbicher op onsem Bichermaart. An da kommen ech an d’Gespréich mat dësem oder deem a mir schwätzen iwwer d'Bicher an iwwer d’Liesen. A mir tauschen Erfahrungen an Titelen aus: hues de dat scho gelies… ? Muss de liesen.
Liesmomenter. Glécksmomenter. Mat näischt anescht ze vergläichen. Du sëtz do, eleng, kee Geräisch, du lies eng Säit, oder zwou, oder zéng, du bass an enger Welt vu Gefiller a Gedanken, an du deels deng Gefiller a Gedanke mat engem Mënsch,deen s du nëmmen duerch seng gedréckte Wieder kenns. An du spiers eng Zort Rou, eng Zort Gléck, mat näischt anescht ze vergläichen.
Ech hunn e gudde Frënd a China. Hien huet an der zweeter Halschent vum XII. Joerhonnert gelieft. Gëscht Owend hunn ech, fir d’zwanzegst oder drëssegt Kéier eent vu senge Gedichter erëmgelies…
wéi ech nach jonk wor
hunn ech Batterkeet ni empfonnt
mee si gär op héich Tierm geklomm
op héich Tierm
an hu Batterkeet gemëscht
a jidder Lidd dat ech gesongen hunn
haut, wou ech Batterkeet
all Dag spieren
dauernd op der Spëtzt vu mengen Zong
op der Spëtzt vu menger Zong…
haut soen ech nach just:
kuck, wat hu mer haut e schéine frëschen Hierschtdag
(Sin K’i T’si, 1140-1207)