A senger Carte blanche plädéiert de Jean Huss, Ex-Deputéiert vun déi Gréng, fir en Enn vun der europäescher Krisen- an Austeritéitspolitik a fir eng ekologesch a sozial orientéiert Relance- an Investitiounspolitik.

Ronn 10 Joer nom Banken- a Finanzcrash vun 2008, dee vu kriminellen neoliberale Bankieren, Hedge-Fongen a Finanzoligarche verschëlt gi war, stécht d'Europäesch Unioun nach ëmmer an enger déiwer wirtschaftspolitescher a sozialer Kris.

Mä obschonns déi dereguléiert Finanzmarchéë mat all hiren onseriéise Kredit- a Spekulatiounsgeschäfter d'Haaptursaach vun der bis haut unhalender Wirtschaftskris waren an och bleiwen, hunn déi dominéirend konservativ neoliberal a sozialdemokratesch politesch Elitte vun der EU keng oder just falsch Léieren aus dëser schlëmmster Kris zanter 1929 gezunn:

D'Finanzmarchéë goufe kaum oder jiddefalls ongenügend nei reguléiert, esou dass haut de ganze Finanzspekulatiouns-Casino mat héich riskante Finanzblose monter weiderdréit. An ënnert der Dominanz an dem Diktat vun dem sougenannten "Eurogrupp" a speziell dem däitschen CDU-Finanzminister Schäuble gouf de Länner vun der Europäescher Unioun, an net nëmmen de Griichen oder de südlechen Euro-Länner, iwwert en absolut rigiden Stabilitéits- a Fiskalpakt eng desastréis Spuer- an Austeritéitspolitik diktéiert, déi bis haut vill Chômage, speziell Jugendchômage a wuessend Aarmut bewierkt huet. Mat als politesch Konsequenz d'Stäerkung vu rietspopulisteschen an antieuropäesche Bewegungen!

Mat dëser falscher an onsozialer Politik muss endlech, géint de Schäuble a seng konservativ Acolytten, Schluss gemaach ginn, fir datt de feelorientéierten EU-Projet net definitiv auserneebrécht!

Et gi ganz kloer Alternativen, formuléiert vum Europäesche Gewerkschaftsbond, vu keynesianeschen Ekonomisten oder vu gréngen a lénke Politiker.

Dës global a realistesch Alternative baséieren, just a Stéchwierder, op folgenden noutwendegen Haaptschwéierpunkten:

1. Eng schrëttweis erfolgend Neireguléierung vum Bankwiesen an de Finanzmarchéen. Banke sollen erëm der realer Wirtschaft an der Bevëlkerung déngen.

2. Eng Neiorientéierung vun der EU-Politik ewech vun aggressiver Steier- a Loundumpingspolitik a vu staatlecher Austeritéitspolitik, déi alle Memberstaaten zu gutt kennt.

3. Staark Lounerhéijungen a sozial Verbesserungen net eleng, mä virun allem a laangjärege Loundumpingslänner ewéi Däitschland, fir datt do déi europäesch Importer kënne klammen an et europawäit zu méi equilibréierten Aussenhandelsbilanze kënnt.

4. E schrëttweisen an deelweise Scholdeschnëtt zu Gonschte vun hoffnungslos verschëlten EU-Staaten, fir och do eng wirtschaftlech Reprise méiglech ze maachen.

5. A schlussendlech en neien a globalen ekologesch orientéierte Marshall-Plang, e Green New Deal fir Europa, fir den noutwendegen ekologeschen an energiepoliteschen Ëmbau an d'Moderniséierung vun ëffentlechen Infrastrukturen an d'Weeër ze leeden an doriwwer och de Chômage an d'Aarmut ze bekämpfen.