Halleluja, Resurrectioun, d'Fabricke sinn erwächt a liewen erëm

De Syferl an de Bistum hunn en Accord fonnt iwwer déi ëmstridde Kierchefabricken. Hu si matgedeelt. A soss net vill. En Tëscheruff vum Nico Graf.
RTL-NEWS vum Dënschdeg: Kierchefabricken - Accord Bistum-Syfel steet, Minister pocht op Ofschafen.
Nee, nee, déi kathoulesch Kierch war nach ni eppes fir schëtzege Journalismus. An dat aus e puer Grënn: De Journalismus – d'Wuert seet et – ass eppes au jour le jour. D'Zäitversteesdemech vun der kathoulescher Kierch awer ass eppes, wat mat Joerzéngten, wann net mat Joerhonnerte spillt – missionéiere geet eben net séier, ob dat an Afrika oder an Europa ass. An da kënnt derbäi, datt si e gewësse Secret nawell ëmmer gär haten, am Vatikan ass ëmmer im Dunkeln gemunkelt ginn – de Kreml war am Verglach eng oppe Boîte. An dann hir Manéier, mat obskuren Texter ze hantéieren.
Dat fir de Kader.
Well an dee Kader passt immens, wat Syfel a Bistum – also d' Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg minus déi lambda Gleeweg –, wat déi di lescht Deeg gekniwwelt hunn.
Syfel a Bistum hate jo heftege Buttek wéint de Kierchefabricken, déi sollen ofgeschaaft ginn, a wéint dem Kierchefong, dee se ersetze soll. Sou steet et am Accord tëschent Bistum a Regierung.
A gëscht also eis Nouvelle iwwer Verhandlungen tëschent Syfel a Bistum an am Nomëtten e Communiqué: Bistum a Syfel hunn d'Friddenspäif geraacht.
Detailer – Feelanzeige. An déi hätt een awer gär, mä keen zielt engem se.
Detailer absënns iwwer d'Kierchefabricken. Am Communiqué steet eppes Obskures fir Schrëftgeléierter, nämlech (Zitat): "Grundlagen dieses Konsenses sind (...) die Rechtspersönlichkeit und Fusion der Kirchenfabriken".
Eng Basis vum bannekathouleschen Accord ass also d'personnalité juridique vun de Kierchefabricken. Gelift? Wéi? Do leeft wuel e sous-entendu mat - dësen: D'Kierchefabricke gi bäibehalen – soss bräicht ee jo guer net iwwer hir Perséinlechkeet an hir Fusioun ze schwätzen. De klenge Problem, deen et do gëtt, ass deen, datt Regierung a Bistum an hirem Accord decidéiert haten, déi opaque Kierchefabricken aus enger Zäit, wou et de Grand-Duché nach guer net gouf, déi Fabricke sollen liquidéiert ginn. An elo: Halleluja, Resurrectioun, das Grab ist leer, d'Fabricke sinn erwächt a liewen erëm. Mä kee seet et. Si hu Silence-Radio dekretéiert, no gudder aler Moud. A si schéngen dem Brot net ze trauen. Well wann ee freet, ob de Syfel dann elo seng Plainte géint de Bëschof zeréckzitt, da kritt een gesot: Nee, dat géif eréischt gemaach ginn, wann alles - also d'Fabricken - da wierklech an dréchenen Ouschter-Wëndele sinn. Esouvill zum neie Vertrauen tëschent Syfel a Bistum. Déi eng zimlech wackeleg nei Koalitioun géint den Inneminister gemaach hunn. Dee queesch ass a seet, d'Regierung wier e serieuxe Verhandlungspartner, si géif sech un hier Accorden halen an un dat, wat se ënnerschriwwen hätt.
Sous-entendu: De Bistum ass grad am Gaang onserieux ze ginn, Syfel oblige.
E bësse vill sous-entenduen dëser Deeg. Wéi wier et mat Informatiounen, Detailer, Präzisiounen? Fir datt ee wéinstens wéisst, firwat déi eng esou rosen an déi aner esou onsécher kléngen.