Den aktuelle Wahlkampf: "Pflegeleicht Programm" 3.0

© Eric Steichen / RTL
Neijoschinterviewe a Chrëschtdags-Interviewen drop an derwidder. Dëser Deeg gëtt et bal kee Medium hei am Land, wat net op d'mannst een Interview mam Premier Xavier Bettel, mam Chef vun der gréisster Oppositiounspartei Claude Wiseler oder mat béide Politiker publizéiert huet. D'Annick Goerens huet se sech all ugekuckt, ugelauschtert a gelies a fënnt se carrément iwwerflächlech.
Wischi-Waschi, onkonkret an dacks einfach just verlueren Zäit. Sou hunn ech mech gefillt, nodeems ech eng Partie Interviewe mat eise Politiker gelies hunn. Sou een Interview muss mech net vum Hocker rappen, fir dass ech e gutt fannen, ma op d'mannst erwaarden ech mir, informéiert ze ginn, iwwert dat, wat sech de Politiker fir d'Zukunft vun de Leit am Land, eiser Wirtschaft, eiser Sozial- an Kulturpolitik wënscht. Ma do gouf ech an der Lescht awer just enttäuscht. Et muss also e Wahljoer sinn.
Op der enger Säit hu mer déi gréissen Oppositiounspartei d'CSV. Hire Spëtzekandidat, de Claude Wiseler muss sech, senger Meenung no, wuel net besonnesch ustrengen. De Politmonitor confirméiert d'Majoritéit vun senger Partei an d'CSV huet donieft an de Gemengewahlen ofgeraumt an souguer plazeweis d'Héichbuerge vun den Sozialiste regelrecht demontéiert. Déi grouss Gefor fir d'CSV wär et gewiescht, wann sech déi 3 Koalitiounsparteien zesummen am Wahlkampf staark gemaach hätten, ma och dat schéngt wuel net ze fonctionnéiere mat den 2 Alpha-Déiere Schneider an Bettel.
De Claude Wiseler huet also "guer kee Grond" fir musse konkret ze ginn. A senge rezenten Interviewen huet et him u Profil gefeelt, ma fir hie geet et duer, sporadesch d'Regierungspolitik ze kritiséieren, well konkret Proposen, wat d'CSV an hie selwer als eventuell zukünftege Premier géinge besser maachen, dat géing jo just Ugrëffspunkte liwwere fir déi politesch Géigner.
Fir wat steet d'CSV? Fir wat soll een d'CSV wielen?
Et ginn eng Partie Leit, déi d'Oppositioun wielen, well se déi aktuell Regierung net gutt fannen, et ginn der, déi CSV wielen, well se dat ëmmer gemaach hunn a fir vill Anerer ass et d'Fro: Fir wat steet d'CSV dann elo? Chrëschtlech-Sozial Wäerter géing ee vertrieden, sou huet et geheescht an hirem Grondsazprogramm, deen 2016 iwwerschafft gouf.
Ma wat genee heescht dat? Méi soziale Wunnengsbau? Wuel kaum, well da misst ee vläicht och radikal Mesuren, wéi Expropriatioun an d'Spill bréngen. Hausse vum Mindestloun? Éischter net, An Stock-Options ofschafen, well se d'Schéier tëscht aarm a räich an d'Luucht dreiwen? Penibelt Thema, well se vum fréiere Finanzminister Luc Frieden agefouert goufen a wierklech null zu chrëschtlech-soziale Prämisse passen, fir déi d'CSV jo wëll stoen.
Och bannent der Partei géing et fir de Claude Wiseler net roseg ausgesinn. D'Viviane Reding géing hannert zouenen Dieren nawell haart stëppelen an engem éischter reservéierte Claude Wiseler d'Force an den Elan ofschwätzen, e richtege Staatsmann ze sinn. A voir wéi et do weidergeet, wann dee Clinch dann esou prononcéiert ass. Guer net auszedenken, wann do och nach e Luc Frieden géif wëlle matmëschen??
Eriwwer bei e Xavier Bettel. Bei dem ech muss un d'Pippi Langstrumpf denken, fräi nom Motto: „ich mach mir die Welt, wiedewiede wie sie mir gefällt“.
Op Background um Radio oder Neijoerschinterview op der Tëlee: de Bouneweeger Shootingstar äntwert op déi Froen, déi hie wëll. An soss eben net. Dass et net drëms geet, eis Journaliste Ried an Äntwert ze stoen, mä de Bierger dobaussen, dat schéngt de Premier wuel den Ament ze vergiessen. Entweder ass d'Äntwert nämlech, dass hie Sondagen net wëll kommentéieren, oder dass hien op Fro X an Y net äntwere wëll, oder déi beléifsten Taktik. Et gëtt ëm de Bräi geschwat. Bei der eng oder anerer Fro kann een dat jo nach novollzéien. Méi schlëmm ass awer, wann ee mierkt, dass de Premier bei verschiddene Sujete keng richteg Äntwert huet an zum Beispill einfach eng Zuel an de Raum geheit, vu Staatsbeamten, déi agestallt goufen, déi carrément NET stëmmt. Oder et heescht, et hätt ee Problemer geierft, respektiv, déi wäre strukturell. Ech géing mer do och alt mol wënschen, dass een zougëtt, wann een eppes falsch gemaach huet. Et huet ëmmer geheescht, dës Regierung wär méi transparent, géing méi dofir maachen, fir no baussen ze kommunizéieren - lëften. Dovun ass net méi vill iwwreg bliwwen.
An deem Fall wënschen ech mir vum Premier, grad wéi dem Spëtzekandidat bei der CSV, méi Contenu, manner Iwwerflächleches. Sot de Wieler dobaussen, firwat dir stitt, fir dass d'Bierger een informéierte Choix kënnen treffen. Dat gehéiert zur Basis vun eiser Demokratie.
Dorop waarde mer...et ass nach Zäit bis den Oktober.