CSV + X

2018 wëlle se all mat der CSV, sot eisen Invité vun der Redaktioun e Méindeg. Dat géif wuel keng vun den aktuelle Majoritéitsparteien esou zou ginn. Hiert Behuelen awer heiansdo schwätzt eng aner Sprooch, mengt d’Claude Zeimetz an engem Commentaire.
Wann ee sech quasi sécher ka sinn, datt et arithmetesch net méi fir eng Reprise vu Blo-Rout-Gréng duergeet, muss ee jo awer kucken, wou ee bleift fir sech nom 14. Oktober net mussen op der haarder Oppositiounsbänk erëmzefannen.
Datt eng Véirerkoalitioun, also Gambia plus déi Lénk, eng potentiell Alternative wier, dat huet den CSV-Parteichef d’lescht Woch um Patt wuel selwer net gegleeft. Wéi esou eng Konstellatioun mam vill strapazéierte Wielerwëllen z’argumentéiere wier? Dat géif ech mol gär sinn.
Mä Klammer zou.
Well Koalitiounsaussoe virun de Wahlen zu Lëtzebuerg keng Traditioun hunn, rechent sech jiddereen, ausser d’ADR vläicht, mat där d’CSV, esou wéi d’Partei haut do steet, keng gemeinsam Regierungsverantwortung iwwerhuele wëll, potentiell Chancen aus, bei der Vollekspartei an d'Regierungsbett ze klammen.
Vill Versteesdemech tëscht Claude Wiseler a François Bausch hei, keng frontal Attacken tëscht Marc Spautz a Corinne Cahen do a beim Thema Mindestloun oder bei de "Stock options" si sech CSV an LSAP elo och net sou wäit aus de Féiss. D’Sozialisten hätten net méi Gemeinsamkeet mat enger DP, wéi mat enger CSV, sot den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry virun e puer Deeg. D’Parteie wieren alle béid eng Konkurrenz.
Ganz besonnesch an der Fro vum sougenannte qualitative Wuesstem hunn déi Rout hiren Haaptkonkurrent awer an deene Gréngen ausgemaach. Etienne Schneider a François Bausch hu sech an der Ëffentlechkeet méi wéi eemol ongenéiert unenee geriwwen. Deen ee wuel och, well d’LSAP keng onkamoud Diskussioun iwwert d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem méi virun de Wahlen opkomme loosse wëll. Deen aneren, well en engersäits den deegleche Stau virgehal kritt an anerersäits net nëmme Stroossebau, ma och gréng Kärthemen weiderdreiwe wëll.
Wéi de Wuesstem am Grand-Duché an Zukunft deklinéiert gëtt, wéi e gesteiert soll ginn an ob dat iwwerhaapt geet? Alles dat, do si sech d’Observateuren eens, gëtt ee vun de grousse Sujete vun dësem Wahlkampf. D’Parteie wiere gutt beroden, fir dat theoretescht Konzept vum „qualitative Wuesstem“ bis dohinner mat konkretem Liewen ze fëllen. „Net egal wat huelen“, fir et mol mat de Wierder vum Staatsminister ze soen, geet do sécher net duer.
Nach ier d’Walprogrammer mat Inhalt gefëllt ginn, huet elo schonn d’Gerangel an d’Geschacher fir eng beléifte Plaz op der Lëscht ugefaang. D’CSV-Spëtzt, virop natierlech de Claude Wiseler, dierft dem Viviane Reding wäermstens un d’Häerz leeën, fir am Süde matzegoen. Wann eng Europadeputéiert virun de Parteipresident kënnt, ass méi einfach ze verquëssen, wéi wann et den unanime designéierte Spëtzekandidat an designéierte Premierkandidat ass.
Diskutéiert via d’Ëffentlechkeet, sou wéi een dat aus der Vergaangenheet gewinnt ass, gëtt an dësen Neijooschpattzäiten och bei der LSAP, wou 10 Memberen de Weekend, nieft engem geschäerfte Profil, och spezifesch jonk Leit a Frae fuerderen, déi d’Partei misst siche goen. Grad bei dësem leschte Punkt hunn déi Rout bis den Oktober nach en anstännegen Hoff ze maachen. Mat 15 vu 60 weibleche Kandidate bei de leschte Chamberwalen ass d’LSAP 2013 just virun de Pirate bei der Part vun de Fraen op déi zweetleschte Plaz komm. Déi gesetzlech virgeschriwwe Quot vu 40% op de Lëschten, déi d’Parteie bei den nächste Chamberwahlen erfëlle mussen, fir keng finanziell Aboussen astiechen ze mussen, wäert wuel hiert dozou bäidroen, fir datt dës Fuerderung vun de Signatairen net op daf Ouere stéisst.
Nom Cahen-Ruppert-Intermezzo war d’DP d’lescht Woch iwwerdeems, a gewinnter Gudder-Laun-Manéier, drëm beméit, fir d’Truppen geschlossen op den Oktober anzestëmmen an déi gréng Basis huet wuel antëscht sou vill Gefalen um regéiere fonnt, datt si sech mat hirer Profil-Kritik zeréckhält. D’Demissioun vum President vun déi jonk Gréng a vereenzelt Changementer vu Gréng op Lénk virun de Gemengewalen zejoert si kloer Ausnahmen. Déi Gréng hunn hir Plaz als Regierungspartei fonnt a si staark drëm beméit, déi net sou einfach opzeginn.
9 Méint bleiwen, iert d’Kaarten nei gemëscht ginn. Wien um Enn den "orange Péiter" am Grapp hält, gesi mer dann. Net datt et um Enn awer nach déi Chrëschtlechsozial selwer wieren. Op d'mannst wier dat eppes, mat deem si wuel am Mannste gerechent hunn.