Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz

© Eric Steichen/RTL
Zu Davos an der Schwäiz ass dëser Deeg de Weltwirtschaftsforum. E steet dëst Joer ënnert dem Motto "Fir eng gemeinsam Zukunft an enger Welt déi ausernee gebrach ass"
Bis e Freideg sinn hei iwwer 3.000 Spëtzepolitiker, Topmanager souwéi Vertrieder vun internationalen Organisatiounen an der Zivilgesellschaft, beieneen. Lëtzebuerg ass vertrueden duerch de Premierminister Xavier Bettel an de Finanzminister Pierre Gramegna. Et sinn eng ganz Partie bilateral Reunioune geplangt fir d'Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg.
Der Weltwirtschaft geet et esou gutt wéi scho laang net méi. Den internationale Währungsfong huet d'Prognose vu Plus 3,7% op 3,9% gehéicht. Ënnert anerem wéinst der Steierreform an den USA déi besonnesch och den Entreprise Sputt gëtt fir méi ze investéieren.
Wéi gesot, der Weltwirtschaft geet et esou gutt wéi scho laang net méi. Bleift awer déi berechtegt Fro op dee Wuelstand och bei den einfache Leit ukënnt, oder op an éischter Linn nëmmen déi Räich eppes hunn. Sinn de Weltwirtschaftsforum zu Davos an den ekonomesche Wuesstem éieren ee Selbstzweck?
Besonnesch an engem groussen Deel vun den Entwécklungslänner an de sougenannte Schwellelänner kënnt vun der gudder wirtschaftlecher Entwécklung Näischt un. En ähnlecht Gefill hunn awer och ëmmer méi Mënschen a villen Industrienatiounen.
Ëmmer méi dacks héiert een d'Kritik, dass trotz sozialen Ongläichheete weiderhin ze vill op kuerzfristege Wuesstem gesat gëtt. D'Leit erwaarden awer ee breeden an nohaltege Progrès vun hirem Liewensstandard.
"Fir eng gemeinsam Zukunft an enger Welt déi ausernee gebrach ass" Op mannst hunn se zu Davos mam Motto vum Weltwirtschaftsforum ee vun de Knackpunkten erkannt.
An Heiheem? Et gëtt sech positionéiert als deejéinegen deen de Rass ka flécken.
Do ass d'Wahlféiwer um klammen, an de Wieler gëtt gelackelt.
De sozialisteschen Aarbechtsminister ass den Tenor vun der OGBL-Fuerderung vum méi héije Mindestloun.
De bloen Educatiounsminister lackelt d'Enseignanten an der Grondschoul mat Changementer beim Concours an zum Deel keng 3 mä just zwee Joer Stage. Manner wéi 12 Stonnen drop bréngt seng Parteipresidentin ee Stage vu nëmmen engem Joer an der Fonction publique an d'Gespréich.
Déi Schwaarz hunn eng „mol-nach-net-Kandidatin“ déi ausposaunt dass si sech als Aussen- Europa- Wirtschafts-oder Finanzminister géif gesinn. Zitat“ Ech ka vill“
Et kënnt ee sech vir wéi bei de Lompekréimer oder nom Motto vum Dictionnaire Larousse „ Je sème à tout vent“