Elo wësse se also, wou se dru sinn an der CSV mam Luc Frieden. E Commentaire de nico graf.

„Ech mengen, datt et Prozeduren an enger Partei ginn ...“ sot de Luc Frieden de moie bei eis am Interview. An ofgesinn vum entretemps übleche Grammaires-Fehler an deem Saz ass et jo interessant, ne, datt de fréiere Minister behaapt, datt et tatsächlech Prozedure gëtt, no deenen d'CSV hir Pöstercher verdeelt. Wëll soen: wéi se wëlles huet, hir Muecht, déi se se putativ a prospektiv schonn erëm huet, wéi se plangt, déi Muecht opzedeelen. Nom Motto divide et impera. Dat ass d'Prozedur. Bon, fréier war dat esou, datt Géigner an Enemien hu missen auserneebruecht ginn, fir datt ee se fäerdeg maache konnt. Haut mécht een dat ënner Parteifrënn.

Am Muecht-Club CSV, deem seng eenzeg Raison d'être et ass, um Pouvoir ze sinn, fir datt et méiglechst konservativ a profitorientéiert hei am Land weidergoe kann, an deem Veräi si se an de leschte Jore kräfteg gerëselt ginn.

Si wosste jo ni, wéi se de Jean-Claude de Groussen sollte lass ginn, bis d'Wieler hinnen dee néidege Kinneksmord du stënterlech ofgeholl hunn. Dee Jean-Claude, deen aus dem Claude Wiseler de Monster-Minister gemaach hat, deen d' Viv am Léiftsen op éiweg an engem Bréisseler Lach gesinn hätt an deen dem Luc gesot hat, hie giff näischt vu Politik verstoen, dee Jean-Claude, deen ass dunn awer nach Keeser vun eppes nach méi Groussem wéi eisem Duché ginn, an den Diadochen-Trio infernal Wiseler, Frieden a Reding wosst net, wéi et weidergoe sollt.

Elo, wou deen zu Bréissel duerch ass a wou d'Sondagen den Avenir fir si anscheinend scho geregelt hunn, gi se deenen anere Parteien eng Lektioun doranner, wéi een d'Muecht opdeelt, fir se ofzesécheren. De Luc op Stroossbuerg a spéider vläit op Bréissel, de Claude an de Staatsministère an d'Viv, dat selwer declaréiert Omni-Talent, egal wouhin. Esou mécht een dat, fir jiddwerengem säi Stéck Kuch ass gesuergt. Ech froe mech just, wéi den Diabolito Wiseler dat Konschtstéck do fäerdeg bruecht huet; de Mann schéngt méi Astucen ze hunn wéi ee mengt – oder deenen aneren zwee ass et egal, wien ënnert hinne Premier ass.

Nu jee. Ofgesinn vun deem Léierstéck a Saachen Reconquista ass de Luc Frieden natierlech e besonnesch interessante Fall vu PPPP, vu private-public-political-partnership. Déi Self-Service-Manéier fir finanziell, medial a politesch d'Fiedem ze zéien - Respekt, mä net ze vill fir déi macchiavellistesch Debrouillardise. Stroossbuerg, fasten seat-belts, Luc ante portas.