Vill Nimm, wéineg Contenu

© Eric Steichen/RTL
An Däitschland geet et politesch drënner an driwwer. A bei eis? E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.
Den designéierten neien Ausseminister Martin Schulz SPD ass partei-intern esou staark ënner Drock, dass hien op de Poste vum Ausseminister an op all anere Ministère verzicht.
Hie kritt reprochéiert, den Ausseminister vu bis ewell Sigmar Gabriel geaffert ze hunn, a säin eegent Wuert net gehalen ze hunn.
Direkt no de Wahlen sot de Schulz, et geet an d'Oppositioun, elo steet den Accord mat den Uniounsparteien.
Eng aner Ausso war, dass hien net Member vun enger Merkel-Regierung wéilt ginn. Duerno wollt hien de Poste vum Ausseminister.
Fir d'SPD stelle sech vill Froen. Kann de Sigmar Gabriel awer nees Ausseminister ginn? Éischter net, hien huet kee Réckhalt bei der Parteispëtzt an hat nom Schulz senger Ausseminister-Revendikatioun reagéiert, wéi ee verbruet Kand. Kann d'Andrea Nahles Partei-a Fraktiounschefin sinn?
Och bei der CDU stelle sech Froen an ass d'Basis onzefridden. Si verstinn net, firwat een der SPD den Ausseminister a virun allem de Finanzressort ginn huet. Domadder wier d'CDU bannent dem Regierungsapparat strukturell geschwächt a géif un Afloss verléieren. D'Mutti ass intern geschwächt a muss Waasser an de Wäin schëdden. D'Angela Merkel weess, dass bannent der CDU Leit wëllen, dass ee sech elo schonn iwwerleet, wéi ee sech personell ouni d'Merkel opstelle kann a soll. Ee "Weider esou" no deem Verhandlungsresultat mat der SPD an dem schlechte Wahlresultat leschten Hierscht geet kaum.
D'Kanzlerin huet versprach, nei Gesiichter mat an d'Regierung ze huelen. An da wiere mir nees bei den Nimm. Iwwert de Contenu vun der zukünfteger Politik ass rose wéineg Rieds.
A bei eis heiheem?
Do gëtt sech esou lues warem gelaf.
Et gëtt gelackelt mat méi Mindestloun oder mat manner Stage an der Fonction publique.
Et gëtt zum Deel intrigéiert. D'CSV an déi Gréng hunn am Süden op Käschte vun der LSAP d'Poste bei wichtege Gemengesyndikater verdeelt.
Doranner gesinn déi eng d'Zeechen dësen Hierscht op Schwaarz-Gréng gestallt. Anerer gesinn doranner eng CSV-Revanche un der LSAP, déi iergendwéi den Norde verluer huet.
Dat weist och déi intern Fuerderung no enger Neiausriichtung. Eng Initiative, déi deels vu Leit kënnt, déi sech ëmmer méi bewosst ginn, dass se et net méi op de Krautmaart packen, sollt d'LSAP net an der nächster Regierung vertrueden sinn. Dat Schicksal deele sech d'Kandidate vun de Gambia-Parteien. Virun allem déi méi Jonk. D'Erneiere wier fir iergendwann méi spéit.
Also ëmmer schéin am Gespréich bleiwen, a wann et muss sinn, andeems een als rouden a grénge Buergermeeschter beim Implantéiere vun neie Fabricken Drock op Ministeren aus den eegene Reie mécht. Och wann déi Schwaarz alle Sondagen no am Oktober kartonéiere wäerten, musse se nach d'Causa Reding klären. Dat ass déi Madamm zu Stroossbuerg, déi sech als Aussen- Europa- Wirtschafts-oder Finanzminister géif gesinn. D'Fra bréngt sécher Stëmmen eran. Mä wou?
Am Zentrum kéint se sech virum Spëtzekandidat, am Süde virum Parteipresident plazéieren. Et brauch een also net bis iwwert d'Musel ze kucken. Och bei eis dréint sech den Ament quasi alles ëm Nimm oder Posten. Beim Contenu ass et moer, vague a vun enger scho bal erschreckender Platitude.