Wéi duerch e Sex-Skandal e ganze Secteur diskreditéiert gëtt

© Eric Steichen / RTL
Sex-Orgien op Haiti an am Tschad mat Prostituéierten a Sex als Géigeleeschtung fir Hëllef a Krisegebidder. Dat sinn net d'Dote vu kriminelle Banden, mee vu mëttlerweil Ex-Mataarbechter vun der internationaler Hëllefsorganisatioun Oxfam, déi elo dozou féieren, dass e ganze Secteur a Fro gestallt gëtt. Doraus kéinten elo falsch Konsequenze gezu ginn, mengt d'Annick Goerens de Moien an sengem Commentaire.
Sexuell Belästegung, Exploitatioun, Viol an Erpressung zéie sech duerch all déi sozial Schichten, Beruffer a Länner op der Welt an si ganz dacks an den entspriechende Kreesser een oppent Geheimnis. Rezent Beispill: de Skandal ëm den Hollywood-Film-Produzent Harvey Weinstein. Et ass traureg,fir dat ze soen, ma et iwwerrascht mech net méi weider, wann ech alt nees eng Kéier vun engem Fall héieren, wou Fraen ausgenotzt goufen. Wat mech awer hei immens verdrësslech gemaach huet ass, dass ech dëst ofstoussend an degoûtant Verhalen net erwaart hätt vu Mënschen, déi an der Entwécklungshëllef schaffen, Vertrieder vun der Uno oder an dësem Fall Oxfam-Mataarbechter. Dass et wierklech e puer privilegéiert Männer gëtt, déi op déi "verluerenst" Plazen op der Welt reesen, fir vulnerabel Fraen auszenotzen an ze mëssbrauchen, déi dacks alles verluer hunn an op der anerer Säit dann hei vun hire gudden Dote priedegen. Dat mécht virun allem rosen, ma och onheemlech traureg.
D'Äerdbiewen 2010 am Karibikstaat Haiti huet iwwer 300.000 Mënschen d'Liewe kascht. 1,8 Milliounen Awunner hunn hiert Doheem verluer. D'ONG „Oxford Committee for Famine Relief“ kuerz Oxfam, huet doropshi vill Mataarbechter an d'Kriseregioun geschéckt, eng Partie dovunner och fir eng länger Zäit. Dës Leit hu vill misste dofir opginn: ee séchert an komfortabelt Doheem, Frënn, Famill, fléissend Waasser an Stroum. Een ganz bewonnerenswäerten Asaz, deen elo duerch dat degoûtant Verhale vun e puer Vereenzelte mat diskreditéiert gëtt.
Nach méi onverständlech ass, dass Oxfam vun der ganzer Affär Bescheed wousst, wéi een vun de Männer entlooss gouf, ma weder eng Enquête an d'Weeër geleet- , nach eppes ënnerholl huet fir erauszefannen, wéi déif de Problem am Fong geet. De Mann konnt iwwregens dunn ouni Problemer fir aner Agencen an der Entwécklungshëllef weider schaffen.
Oxfam-Mataarbechter, déi op anere Plazen an Ethiopien, Malawi, Thailand oder an der Demokratescher Republik Kongo am Asaz waren, schwätze vun engem systemeschen Problem, heescht: et ass keen Eenzelfall. Am ganze Secteur kéint een dëst Feelverhalen observéieren, net just bei Oxfam.
De Contrecoup, deen d'ONG zanter der Revelatioun vun dësen Aktiounen ze spiere kritt, ass enorm an den dauerhafte Schued, deen dës Männer fir déi ganz Branche vun der Entwécklungshëllef gemaach hunn, léisst sech den Ament nach net aschätzen.
A Groussbritannien ass wéinst dem Abus elo eng ganz Debatt iwwer d'Entwécklungshëllef lassgetrëppelt ginn, déi konservativ Politiker an hirer Argumentatioun ënnerstëtzt, fir dës ze kierzen. Oxfam krut nämlech eleng lescht Joer 36 Milliounen Euro vum britesche Staat. Si an och aner Organisatioune mussen dofir an Zukunft beweisen, dass si déi staatlech Subsidë verdéngt hunn. Wéi ass net kloer. Och d'EU- Kommissioun, déi Oxfam mat 30 Milliounen Euro am Joer ënnerstëtzt huet, fuerdert elo maximal Transparenz. Si hätte fir esou Verhalen null Toleranz, heescht et vun Bréissel. Dat ass e klore Statement, an awer net differenzéiert genuch, well wie soll bestrooft ginn? D'Täter oder d'Affer a mat de Victimmen mengen ech all d'Mënschen, déi op d'Suen an d'Hëllef vun den ONGen ugewisen sinn.
Den Image vun enger ganzer Branche ass duerch esou ethesch-inkorrekt an carrément degeulasst Verhalen am Eemer. An och wann et wichteg ass, elo genee z'enquêtéieren, wéi et dozou konnt kommen an natierlech och Konsequenzen ze zéien, kann et net sinn, dass d'ONGen hir Sue gestrach kréien, well domadder trëfft et nees déi Falsch. Richteg wär et, déi Schëlleg d'Häert vum Gesetz spieren ze loossen an un hinnen een Exempel ze statuéieren.
Op der anerer Säit mussen awer och grouss ONGen an Organisatioune wéi Oxfam an och zum Beispill d'Uno wierklech hiren interne Kontrollsystem an hir Reegelen nach eng Kéier iwwerpréiwen an iwwerschaffen. Well et goufen genuch Indicen fir dëst Feelverhalen, ma wahrscheinlech gouf et toleréiert. A fir Mëssbrauch läit d'Toleranzgrenz bei Null.