D'CGFP huet bannent de leschte véier Méint zwee Mol en public en Ultimatum grouss annoncéiert. Zwee Mol hunn déi adresséiert Parteien a Politiker entweder den Delai net agehalen, oder nëmmen iwwerflächlech op déi gestallte Fuerderunge vun der Staatsbeamtegewerkschaft reagéiert. Konsequenze gouf et keng. De Pierre Jans kommentéiert dës Demarche.

AUDIO: Tëscheruff CGFP / Reportage Pierre Jans

''De Ball läit elo bei der Regierung'', seet d'CGFP. Si setzt domat viraus, dass hir Pass beim Premier Xavier Bettel oder senge Kollegen ukomm ass. Dobäi gesäit et éischter esou aus, wéi wann d'Vertrieder vun de Staatsbeamten e bëssen ze fest de Ball gerannt hunn, deen elo hannert dem Gol iergendzwousch an enger Wiss läit, an d'Regierung sech gutt Zäit léist fir de Ball nees sichen ze goen. Dat deit op alle Fall de Minister vum ëffentlechen Déngscht Dan Kersch un. Et géif ee sech bestëmmt net ënner Drock setze loossen. En plus géif d'Equipe vum CGFP-President Romain Wolff d'Positioun vun der Regierung scho laang kennen.

En Ultimatum war aus Siicht vun der CGFP direkt an zwou Hisiichten en ongléckleche Choix. Op der enger Säit ass en Ultimatum par définition eng Menace, och wann de Romain Wolff dat op der Pressekonferenz net wollt sou gesinn. ''Wann dir net dat an dat maacht, da maache mir dat an dat.'' Dat ass de Saz, dee jidderee mengt, wann een ''Ultimatum'' seet. En Ultimatum funktionéiert just mat Menace!

D'Regierung léisst sech bekanntlech net gär mam Réck widder d'Mauer drécken. Virun allem well ee jo, wéi et heescht, bereet ass mat der Staatsbeamtegewerkschaft iwwert déi Punkten ze schwätzen, déi hinnen am meeschte Mosaier maachen. Nämlech déi faméis an deelweis ongerecht 80-80-90 Reegelung, d'Dauer vum Stage an en Zitat, ''skandaléisen Evaluatiounssystem''. 2016 hu Regierung a CGFP allebéid hir Ënnerschrëft ënnert de Gehälter-Accord gesat. Dee leeft Enn vum Joer aus. En neien Accord muss negociéiert ginn. Dat ass d'Chance, fir d'CGFP hir Interête mat der Konscht vum Argumentéieren duerchzekréien.

Fir dass en Ultimatum eppes bewierkt, ass et zweetens absolutt noutwenneg, dass ee Konsequenzen huet fir deen, dee sech net drun hält. Gewerkschaftlech Mesuren ergräifen, dat hat d'CGFP als méiglech Konsequenz deklaréiert.

D'Regierung a Persoun vum Premier Xavier Bettel huet sech net un den Delai gehalen.

Eenzeg Konsequenz: de Romain Wolff erwaart sech eng konkret Äntwert bis spéitstens den nächste Comité fédéral, den 28. Februar. Wann ee bis dohinner nach ëmmer näischt hätt, da géif een awer déi Mesuren entaméieren, déi ee schonn annoncéiert hat, esou hat de Romain Wolff gewarnt. Den Ultimatum, deen d'CGFP de 27. November ausgeschwat an un dee keng Partei mat den Ausname vun der KPL an déi Lénk sech gehalen hat, blouf och ouni Konsequenzen. Sou funktionéiert en Ultimatum net.

Ech begréissen et natierlech, dass d'CGFP an engem Streik deen ''aller, aller, aller, ALLERleschten'' Auswee gesäit. D'Repercussioune vun engem Streik am ëffentlechen Déngscht wären enorm. An dat weess d'Regierung. An duerfir huet d'Staatsbeamtegewerkschaft et och net einfach. Als Gewerkschaft ass et natierlech hir Obligatioun, sech fir d'Interête vun hire Leit anzesetzen. Ma wann d'Chance gutt stinn, dass d'Ministere punktuell mat sech schwätze loossen, da ginn et och méi subtil Methoden, fir seng Fuerderungen ze kommunizéieren, ewéi en hallefhäerzegen Ultimatum.