De Chefredakter vun RTL Télé Lëtzebuerg reagéiert op Reaktiounen, setzt se an e Kontext a stellt sech Froen.

Et ass gewosst, dass Staats-a Gemengebeamten oder Persounen, déi op der Bunn schaffen oder soss am ëffentleche Secteur zesummen mat hire Familljen bei wäitem déi stärkste Wielergrupp zu Lëtzebuerg duerstellen. Et ass jo evident,dass dës Stemmen zielen.

Et schéngt och evident, dass d‘Parteien an d‘Regierung dem Uleies vun de Wieler aus dem ëffentlechen Secteur Rechnung droen.

A wann d‘Bezuele vu jonken Mataarbechter beim Staat oder d‘Längt vu Stagezäiten eng Roll spillen, da mussen dës Froen eescht geholl a gekläert ginn.

D‘Parteie loosse sech net vun engem Ultimatum vun der CGFP ënnert Drock setzen. Soe se praktesch all ewéi aus engem Mond. Dat ass interessant ze héieren. Niewebäi bemierkt wierkt dat Wuert „Ultimatum“ vun enger Gewerkschaft hei am Land e bësse speziell op mech.

Ech ka schwéier aschätzen, ob d‘80-80-90-Regelung oder 1,2 oder 3 Joer Stage beim Staat de Moment de kruziale Problem am ëffentlechen Déngscht sinn, mä als Bierger vun dësem Land soen ech mer allerdéngs:

D‘Parteie sollten och aner Wielergruppen eescht huelen- ech denken zum Beispill un d‘Handwierksbetriber, déi jonk Mënschen ausbilden, ier se se un de Staat an Gemengen verléieren, well se do méi verdéngen.

D‘Parteie sollten och déi 180.000 Frontaliere mat hire Suergen eescht huelen - se hunn zwar keng Stëmm- ma ouni si géif d‘Ekonomie net dréien an d'Staatskeese géifen net ewéi bis elo gefëllt ginn.

Et wunnen 600.000 Mënschen an dësem Land. An dovunner däerfen nëmmen 50% wiele goen. Mä alleguerten d'Awunner hunn e Recht op e Staat, dee gutt funktionéiert.

An d’Politik muss menger Meenung no d'Problemer vun allen Awunner eeschthuelen a sech net eleng op déi stäerkste Wielergrupp, respektiv nëmmen op déi 50% vun den Awunner konzentréieren, déi eng Stëmm hunn.