De Claude Wiseler wonnert sech: Wisou spillen d'Medien d'Kandidatur vum Viviane Reding esou héich? E rezente Mail vun der Madame Reding un d'Press weist awer, datt de Spëtzekandidat vun der CSV déi ganz Saach eescht huele sollt. En Tëscheruff vum Bérengère Beffort.

AUDIO: Tëscheruff Wiseler - Reding / Reportage Bérengère Beffort

Eelef Auer e Mëttwoch de Moien an der CSV-Fraktioun: De Claude Wiseler huet elo grad eng Stonn mat der Press diskutéiert – en Tête-à-tête op cosy Canapéen an an enger duerch an duerch inszenéierter Atmosphäre. Betount labber weist den CSV-Spëtzekandidat dann och d'Fro vun enger Journalistin zeréck, wéi et elo mat der Kandidatur vun der Madame Reding ass. Dat wier net wierklech en Thema, gëtt hien ze verstoen. Villes géif vun der Press héichgespillt ginn. Wat den designéierte staarke Mann vun der CSV zu deem Moment net weess: An de Redaktiounen an op den Handye vun de Journaliste kënnt an dëse Minutte grad e Mail un, an zwar vum Viviane Reding. Titel: "Save the date" an do invitéiert si d'Press op eng ganz Lëscht vun hire Rendez-vousen. Vum Mëttwoch 21. Februar bis den 22. Mäerz sinn d'Journaliste siwe Mol agelueden, d'Agenda vun der Madamm ze begleeden.

De Claude Wiseler schwätzt also 60 Minutten, während d'Viviane Reding sech mat engem kuerze Mail am Gespréich hält. Op Facebook kritt de Spëtzekandidat 9 Likes fir säin Talk mat der Press. Der Viviane Reding hire leschte Post zum Buergbrennen haten dogéint 195 Leit fir gutt befonnt. Fir do matzehalen, hunn d'Spindoktere vum Claude Wiseler also nach genuch Aarbecht. Am Match ëm Popularitéit an Opmierksamkeet huet am Moment d'Madame Reding d'Nues vir.

Elo soll et jo u sech keng Course tëscht de Kandidate Wiseler a Reding sinn. Mee esou laang onkloer ass, a wéi enger Equipe d'EU-Deputéiert matmécht, sief et am Süden oder Zentrum, esou laang bleift d'Viviane Reding en électron libre an domadder der CSV-Spëtzt en Dar am Aen. D'Alpha-Fra bréngt et fäerdeg an all de Käpp ze sinn, ouni datt ee si gesäit. An déi Performance sollt de Claude Wiseler net ënnerschätzen. Soss kéint säi gréisste Géigner um 14. Oktober net Xavier Bettel oder Etienne Schneider heeschen, mee aus den eegene Reie kommen.