Realsatire, wou nieft dem Humor awer och d'Allgemengbildung net ze kuerz kënnt. E Commentaire vum Dany Rasqué.

Zum Beispill weess ech elo zënter e Samschden, datt Schnuddelhénger stierwen, wa se d'Féiss naass kréien. Ech muss zouginn, datt dat mer bis elo guer net bewosst war, mä et ass eng Informatioun, déi duerchaus nëtzlech ass, am Fall, wou ech Schnuddelhénger als Hausdéier wéilt halen....also, keng vun der CSV ....déi aner, déi, déi ee schluechte kann, well dovunner huet een op d'mannst eppes. An ech weess elo schonn, datt et net aartgerecht wier, wann ech se géif an der Buedbidden halen.

Ech soen dem LSAP President op alle Fall Merci fir d'Informatioun, mä ech hoffen, datt se de Verglach bei der CSV net all ze vill eescht huelen. Net datt déi an den nächste Méint d'Féiss net méi wäschen, dat géif ee schéint Gemëffels ginn an dat muss jo net sinn.

Nee, nee e gudde Politiker, deen hëlt och naass Féiss a Kaf, wann et drëms geet, Stëmmen ze fänken an iwwerhaapt ginn et jo Leit, déi behaapten, datt vill Politiker den Ament éischter mat kale Féiss geplot sinn.

Net well et am Schongbuttek keng gefiddert Stiwwele méi géife ginn oder well déi sibiresch Keelt géif erëm kommen, nee et ass éischter de 14. Oktober, dee Schold ass.

Sou munch een iwwerleet sech schonn, wat en dann dono mécht.

Aner Parteien, aner Problemer, bei der CSV zum Beispill an de Marc Spautz hat sech deemools um Kongress verroden, do sinn se souguer schonn am Gaang z'iwwerleeën, wéi eng Faarf déi nei Polizistenuniforme kréien, wann d'Wahlen dann esou ausginn, wéi d'Sondagë soen. Nach Anerer probéieren erëm eng richteg Fraktioun ze ginn. Well een an der Vergaangenheet ëmmer méi wäit vun deem Ziel ewech geréckelt ass, huet een d'Noutbrems gezunn an elo dëser Deeg voller Freed annoncéiert, datt een elo mol e Stéck vum Wee mat engem Partner géif trëppelen, elo an iwwerhaapt an der Mëtt, op Lëtzebuergesch an ouni ze vill Wuesstem w.e.g.. Eng Millioun-Awunnerstaat, nee net mat eis, soen se.

Dat kléngt dach schonn no eppes an an deene Kreesser gi sech elo grouss Hoffnunge gemaach. Do gëtt gemengt, gehofft, gebiet, datt eppes, wat eng Kéier beim Referendum geklappt huet, den Ufank vun eppes gaaaanz Groussem ass.
Bei esou Aussiichten, do kéim ech souguer a Versuchung, fir ze bieden. Tjo do hätt ech dann alt wéinstens eng Gemeinsamkeet mat deenen Alternativen. Och wa mer sécher net fir dat selwecht géinge bieden.

En anere Kongress, de Weekend, dee sech iwwregens och op eng aner Manéier mat Schnuddelhénger a Verbindung brénge léisst, war dee vum Front National.

D'Marine Le Pen hat sech den Ausgang vum Match géint den Emmanuel Macron ganz anescht virgestallt a sech elo fir eng aner Taktik decidéiert. Si verkeeft hire Bulli an Zukunft einfach an enger neier Verpackung.

Bëssen esou wéi bei ofgelafenem Fleesch, eng nei Etikett drop an Zack ass erëm alles an der Rei oder et kritt een uerdentlech de Bauchwéi!