"Dat ass keng Bagatell!", widderhëlt de Mars di Bartolomeo zanter e puer Deeg mantraméisseg, wann hien zu de sougenannte Chamberleaks Froe gestallt kritt. Dass dat keng Bagatelle ass, wat do geschitt ass, fënnt de Moien och d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire, woubäi seng Vue op de Problem e bëssen eng aner ass wéi déi vum Parlamentspresident.

AUDIO: Commentaire vum Claude Zeimetz

Alles huet gëschter Owend virun enger Woch ugefaangen, wéi d'Chamber e Communiqué erausgeschéckt huet, an deem vun enger Sécherheetsfaille Rieds war. Déi Faille wier 2015 duerch den informatesche Service vum Haus festgestallt ginn. Duerno wier et zu engem "Correctif" komm, deen awer wuel méi spéit duerch e Feeler geläscht gi wär. Dat, wat zanterhier als Chamberleaks bekannt ass, also d'Zougräifen op intern Dokumenter vum Parlament, hätt awer kënne gestoppt an de "Correctif" op en Neits kënnen applizéiert ginn.

Wär et vun der Chamber aus, an där se wuel haut virun enger Woch wéi opgescheichten Hinger dierfte ronderëm gelaf sinn - a vläicht nach ëmmer lafen -, dach nëmme bei deem defensive Communiqué bliwwen!

Well datt een duerno vu Leit schwätzt, "déi duerch eng Fënster eraklammen“ a "keng  Bagatelle" gemaach hätten a v.a. vu Journalisten, vun deenen een net wéisst, ob se gutt Absichte gehat hätten oder net, dat ass komplett nieft dem Dill!

Wann ee weess, wien hannert deem Zougrëff op déi  intern Dokumenter vun der Chamber stécht, dann hätt ee sech déi lescht Ausso spuere kënnen! De Jean-Claude Franck steet als Chefredakter vum Radio 100,7 net fir Schmuddel-Journalismus, mä fir korrekt Recherchen.

Do stellen der also zwee vun deem Radio e Problem um Site vun der Chamber fest, recherchéieren e bëssen a falen dann op Dokumenter, déi u sech net fir hir Ae bestëmmt sinn. Als riicht Journalisten informéiere si  da souguer de Parlamentspresident doriwwer, ier se d'Informatioun public maachen, soudass d'Chamber Zäit hat, fir hir Precautiounen ze huelen. De Mars di Bartolomeo selwer huet de concernéierte Journalisten souguer "Merci" heifir gesot. Dës Affär ass also an der Haaptsaach mol eng Blamage héich 10 fir déi Leit, déi am Parlament un der informatescher Sécherheet schaffen, an net fir déi, déi propper recherchéiert hunn. Amplaz op de "Messenger" ze schéissen, deen déi schlecht Nouvelle iwwerbruecht huet, hätt d'Chamber gutt dru gedoen, virun der eegener Dier ze kieren.

Mä neen, no hirem 1. Communiqué hëlt si eng Kéier an erkläert duerch de Mond vun hirem President, dass keng sécherheetsrelevant Dokumenter an Ëmlaf komm sinn! Wat sech an der Tëschenzäit duerch weider Revelatiounen als falsch erausgestallt huet! Wa Procès-verballe vu Sëtzunge vum Büro, deem héchste Gremium vum Parlament, genee sou an der Ëffentlechkeet si wéi detailléiert Pläng vun de Chamber-Gebaier an deenen hirer Sécherheet, da kann ee frou sinn, dass déi Informatiounen an den Hänn vu gutt intentionéierte Journalisten an net an deene vu schlecht intentionéierte Geselle wéi z.B. Terroriste sinn. Fir eis Journaliste war et niewebäi, flott war ze gesinn, wéi gewëss Deputéiert iwwer eis Aarbecht denken, mä dat ass an dësem Fall en wuel nëmmen en „Nebenkriegsschauplatz“! Dës Affär huet awer net nëmmen dem Image vun der Chamber, geschuet se huet och e puer fatzeg Schréipsen um „digital Luxembourg“ hannerlooss. Fir de Schued a Grenzen ze halen, muss  elo d'Parlament genee analyséieren an doriwwer informéieren, wéi et heizou konnt kommen. Fir all aner Instanzen a Verwaltungen sollt d’Pann eng Warnung sinn, wéi et och de Wirtschaftsminister als Responsabelen fir d’Cybersecurity bei eis am Interview formuléiert huet.

Fazit: Et wär besser gewiescht, d'Chamber hätt sech an dëser Affär mat der eegener Nues geholl, amplaz de Parquet domat ze befaassen an eng seriö Press un de Pranger ze stellen! Dat ass en No-go, wéinst deem u sech e Communiqué vun der Journalisten-Associatioun fälleg wär; vläicht kënnt dee jo nach!? Elo wëllen ofzelenken an dem soziokulturelle Radio de schwaarze Péiter wëllen zouzeschousteren, gëtt dem Problem net gerecht. Net beim 100,7 gouf geschluddert, mä an der Chamber! Mam Philippe Penning huet d'Parlament alt wéinstens en Affekot geholl, dee weess, wéi den Hues leeft: Hien huet jo schliisslech de Whistleblower Antoine Deltour an de Luxleaks-Prozesser verdeedegt!