Vill schéi Fotoe mat ville wichtege Leit gesi mer haut op RTL.lu iwwert d'Staatsvisite a Frankräich, wou gëschter den ekonomesche Volet dominéiert huet. Vun haut u kënnt en neit Gesiicht bei der offizieller Delegatioun dobäi - en anert verschwënnt - net där mannster. Dobäi ass d'Ambiance am Cortège vum Haff bei der Visite a Frankräich éischter gedréckt...eise Chefredakter Roy Grotz kuckt hannert d'Kulissen...

Staatsvisitten hunn e ganz eegenen - e ganz strengen - e ganz strikt gereegelte Protokoll an dierfen net aus der Rei falen. Pénktlechkeet op d'Sekonn, mat den héchsten Éieren, Garden, Eskorten a Päerds-Defiléen accueilléiert ginn - déi schéinste Fotoen a Vuen op prestigiéisen, geschichtlech markante Plazen zielen - dichteg Kleeder, Uniformen a Krounen, déi blénken, en Zeremoniell, deen duerch keen Tëschentoun soll gestéiert ginn. An alles enk zäitlech getakt, sou dass motoriséiert Police-Eskorte mussen hier, fir mat Zäiten duerch all Verkéier ze kommen- vive den Trafic zu Paräis...mee et huet ee jo Übung a Frankräich mat héije Gäscht.

Sou wäit, sou gutt...wierklech? D'Lëtzebuerger Staatsvisite ass eng vun den dichtegen an duerfir léisst et sech de Staatsminister himself net huelen, fir mat vun der Partie ze sinn - net eleng fir dem Duzfrënd Emmanuel a sengem Brigitte all Éieren z'erweisen, mee natierlech och, fir bei esou enger prestigiéiser Visite wéi bei eise groussen franséischen Noperen mat op de Fotoen a bei de Gespréicher dobäi ze sinn. Dat mécht sech u sech net, oder gouf allemol nach bis dato net esou gehandhabt: bei Staatsvisitten steet de Staatschef am Mëttelpunkt. Basta. Begleet meeschtens vum Aussen- a Vize-Premier a meeschtens och dem Wirtschaftsminister.

A fäerdeg.

Zu Paräis elo sollt et anescht sinn an ass et och: de Premier Bettel gëtt sech vun de Mueren un och d'Éier a kann dat natierlech gutt erklären: um Bord vun der Staatsvisite ass eng Konferenz tëscht der franséischer an der Lëtzebuerger Regierung, an dës CIG gëtt eben vu Bettel an Schneider geleet an net vum Staatschef. Op Regierungsniveau gi Sujeten gekläert - wuel net d'Fermeture vu Cattenom; et wëll ee jo héiflech bleiwen. Alles also just am Interessi vum Land - kloer - wat éiere soss? Och gëscht den Owend um Banquet beim President am Elysée waren de Premier a säi Mann natierlech mat vun der Partie.

Interessant, dass et grad op dem Dag haut, den Ausseminister op Bréissel verschléit, dee "muss" beim Ausseminister-Conseil dobäisëtzen - dat wiere vläicht ze vill Leit op der Regierungs-Gruppe-Foto ginn an de Jean Asselborn wëll sengen Diplomatie-Kollegen bestëmmt och namol erklären, wéi seng Vuen zum Syrienkonflikt sinn, déi gëscht am "Spiegel" stoungen.

Dass den Entourage vum Staatschef, op gutt Lëtzebuergesch, den Haff, net därmoossen "amused" ass, iwwert d'Präsenz vum Premier am grousse Cortège vun de Ministeren kann ee verstoen, well eng Staatsvisite eben dat ass, wat se ass, a wann do aus der Rei gedanzt gëtt, da kann dat emol "net gutt ukommen" - mee dat géif natierlech ni haart gesot ginn.

Eise Staatsminister nëtzt eben déi politesch Bühnen, déi him geleeën kommen - säi Virgänger Juncker huet dat selwecht gemaach, idem den Ausseminister, idem den Space-Etienne - Jiddereen eben an deem Beräich, wou hie punkte kann - a sief et just nach moies mat erfrëschendem Laachen d'Gander zu Munneref botzen (quasi live diffuséiert vun der Parteipresidentin) an owes schonn en däitsche Präis entgéinthuelen. Dat konnt jo och den JCl Juncker absëns gutt - net Baache botzen, mee Laudatioen halen a selwer Präisser entgéinthuelen - an dat kann eisen Xavier dach sécher mat genee esou vill Charme a Brio.

De Vize-Premier, mee sécher och déi gréng Regierungskollegen Bausch a Braz, sollte sech eng afale loossen a Saachen "Image"...en neit Schluechthaus aweie goen, mécht dëser Deeg vläicht kee Sënn, mee sech um Relais pour la Vie weise schonn éischter - a lass - Lafboxen an T-Shirt un a lass - et gëtt nach e stramme Marathon bis an den Oktober - de Staatsminister seng PR-Maschinn dréint - seng blo Ministere kucken dervun ze profitéieren - haut wäerte mer dann och nees vill flott an frëndlech Fotoe vu Paräis ze gesi kréien. Et freet ee sech, firwat bei der offizieller Visite am Senegal de Staatschef nëmmen vun 3 Ministeren amplaz vun der hallwer Regierung begleet gouf ?