Zwee Männer, dout

Am Saarland gëtt et zwee Doudeger ze bekloen, zwee Medie-Personnagen. Deen ee war e Geheimtipp, dunn e Star. Deen anere war ganz bekannt an um Enn e Geheimtipp.
Saarbrécken - dir wësst schonn, dat ass déi elle Stad do hannen, hei vir am Saarland, kuerz no de Schmelzen, wou d'Saar emol gär Autobunn fiert, wann an de Vogesen de Schnéi schmëlzt. Hannenaus, um Halberg, steet de Saarländische Rundfunk, uewen op engem Hiwwel an ënner dem Radio am Hank ass eng Mithras-Grott, 1800 Joer al, aus dem roude Sandstee gehaen.
E Sonden war et jo d'Nouvelle, de Jochen Senf wier dout. Un dee brauch ee bal net z'erënneren, well owes ass dunn direkt e Commemoratiouns-Tatort gelaf mat eben deem Senf, deen de Kommissär Palü gespillt huet, dee sympathesch vill Vëlo gefuer ass an dee sympathesch vill roude Wäi gedronk huet an dee seng Froe gegrommelt huet an deem säin éischte Fall eng Ramificatioun op Lëtzebuerg hat – eng efficace Manéier, fir Saar-Lor-Luxesch Spectateuren ofzegräifen. De Jochen Senf, dee jorelaang zu Saarbrécken als klengen onbekannten Acteur op alternativen Theaterbühne stoung, dee war bundeswäit eng Celebritéit ginn – an och déi Lëtzebuerger Zeitungen – net faul – haten hien a säin Dout directement op hire Weekend-Internet-Säiten. Et war, wéi wann e wichtege Mënsch gestuerwe wier. Wat iergendwéi och richteg ass. Dem Jochen Senf seng Carrière, déi ass eben esou verlaf, datt aus engem meritéierten, nëmme lokal bekannte lénken Acteur, en teutonesche Star ginn ass, Tatort sei Dank.
Passons. Zu engem aneren Doudegen. Deen de Jochen Senf gutt kannt huet, well se beim SR an och soss dacks zesummesouzen. Zu Tréier am Spidol ass den 12. Mäerz stënterlech den Arnfrid Astel gestuerwen.
Arnfrid wien?
Ma jo, dann hei alt e klenge Aperçu: den Arnfrid Astel, deen zu Saarbrécken gelieft a beim Radio geschafft huet, war ee vun de wichtegsten däitschen Dichter. Hien huet Epigramme geschriwwen, kleng frech Gedichter, dacks extrem pointéiert, schaarf formuléiert, zack eppes op e Punkt bruecht, un deen ee selwer net geduecht hat. A senge fréiere Joere ganz politesch an dowéinst iwwerkräiz mam politesche Géigner, zum Beispill mat sengem Chef, deem deemolegen CDU-Intendant vum Saarbrécker Radio, dee wollt hien erausgeheien, wéint senge politesche Gedichter. Den Arnfrid Astel huet säi Prozess géint deen Intendant gewonnen. Dat war an de 70er Joer, den Astel war esou berühmt ginn, datt e bibeldéckt Buch vu sengen Texter bei 2001 publizéiert ginn ass. Et gouf Lëtzebuerger, déi sinn extra wéint dem 2001-Buttek, deen et zu Saarbrécken gouf, an d'Saarland gepilgert. Eenzel Texter vum Arnfrid Astel si spréchwiertlech ginn, zum Beispill dësen: Ich hatte schlechte Lehrer / das war eine gute Schule oder dann deen iwwer déi wankelmiddeg FDP doriwwer: Zwischen den Stühlen / sitzt der Liberale / auf seinem Sessel.
Wat den Astel méi al ginn ass, wat seng Texter sech méi op d'Natur konzentréiert hunn, op Steng zum Beispill: hien huet eng ganz Rëtsch Texter doriwwer geschriwwen, datt de Schlag vun engem Steemetzer op e klenge Paweesteen e welleförmegen, hallwen Amphitheater am Steen ausléist, deen dann op éiweg an deem Steen ze gesinn ass. Net wierklech grand-public, ne? An da seng Beschäftegung mat Etymologie – mat de Wuerzele vun eise Wierder an den Déifte vu Griichesch a Latäin, dat alles kombinéiert mat Exkursen an d'Mythologie.
Deen Arnfrid Astel war an de 60er a 70er Joer vill hei am Land. Et war déi Zäit, wéi zu Konsdrëf an enger Scheier Lëtzebuerger Auteure gelies, diskutéiert a gestridden hunn. Den Arnfrid war mam Manderscheids Rosch, mam Rolph Ketter, mat Rause Misch ënnerwee. Club der toten Dichter? Jo, leider. An a senger faméiser Radiosémissioun, wou hien eng Stonn laang en Auteur liese gelooss huet a mat deem iwwer seng Texter diskutéiert huet, och do sinn zeg Lëtzebuerger invitéiert gewiescht. Den Arnfrid Astel war op alle méiglechen Tatorten ënnerwee, politeschen, historeschen, mythologesch, ganz perséinlechen, mat sengen ureegensten Naupen. Just en Tatort huet hien ni gedréit. Et ass eng Katastrof, datt e Mann, dee wichteg Texter geschriwwen huet a ganz wichteg Radiosaarbecht geleescht huet, hei am Land keng Zeil Noruff néierens krut. Datt bal kee méi weess, wien deen Astel da wuel soll sinn.
Saar-Lor-Lux ass eng wonnerbar Iddi. Mä eemol méi total huel, vergiesslech, mainstream-fixéiert. Tatort gëtt et all Sonden. Dem Arnfrid Astel seng Texter gëtt et a Bicher an um Internet, ganz liicht ze fannen. Mä kee liichte Kascht.
Mat Leit, déi hie gär hat, ass den Arnfrid Astel bei d'Mithras-Grott ënner dem Radio getrëppelt. An huet Texter doriwwer geschriwwen: Blut schwitzen / die Eiszapfen / in der Mithrashöhle. Och en Tatort, iergendwéi.