Facebook, face off and face it ... or faith no more!

Dat soziaalt Netzwierk huet en neien, décken, fette Skandal: Et besteet den dréngende Verdacht, datt déi britesch Firma Cambridge Analytica d'Date vun enge 50 Millioune Facebook-User fir de Walkampf vum haitegen US-President Donald Trump benotzt kéint hunn. Dozou e puer Iwwerleeunge vum Chefredakter vun RTL.lu, Luc Marteling.
D'Saach huet all d'Ingredienten, déi et fir en handfeste Skandal brauch: E Leak vun den Donnéeë vu Millioune User, eng Firma, déi dat verheemlechen oder op d'mannst erofspille wollt, an eng aner Firma, déi dës Donnéeë geziilt agesat huet, fir Leit ze manipuléieren, fir eng Wal ze beaflossen, fir eng Demokratie auszehiewelen. Ob hir dat gelongen ass, gi mir natierlech ni gewuer. Trotzdeem ass dat, wat elo am Raum steet, richteg krass. Eng kleng séiss Excuse, wéi den Zockerbierg se lo vu sech ginn huet, ass beileiwen net genuch.
"With great power comes great responsibility." Wat deng Muecht méi grouss, wat deng Verantwortung et och ass. Där Obligatioun ass Facebook op en Neits net nokomm. Och wann d'Firma elo mécht, wéi wa se géing op Canossa pilgeren, an och wann d'Politik elo nees vehement Opklärung a Remedur fuerdert, et gëtt just eng wirksam Antidote géint dat Facebook'scht Zaubergedrénks: eiser aller Kapp!
Natierlech läscht kaum ee säin Account - dach net wéinst sou enger dommer Geschicht, pë, wou komme mer dann hin? (Datt sech déi Mannst eeschthaft esou Gedanke maachen, huet och eng - net representativ - Ëmfro op RTL.lu gewisen.)
Et muss een och net säin FB-Kont läschen, et geet duer, wann een e puer Reflexer, e puer Commoditéiten a sengem Kapp trasht: Wat e Mënsch fir real hält, huet real Konsequenzen! An anere Wierder: Wann een eis eppes dausend Mol virmécht, oder, nach besser, wann dausend Leit eis eppes virmaachen, gleewe mir dat um Enn nach selwer.
Am Internet riskéiert dës psychologesch Donne zu engem echte Problem ze ginn, zu enger weltwäiter Gefor ... fir d'Demokratie. Well den Internet ass am Gaangen, zu enger selbstreflexiver Schlauf ze ginn. Duerch alles, wat ech beim Surfen implizit iwwer mech verroden, duerch meng Sichbegrëffer a meng Bestellungen, duerch meng Posten, Tweeten, Liken a Sharë weess den Algorhythmus ganz genee, wat mir gefält a wat net. E weess dat wuel souguer besser wéi ech selwer an e weess virun allem, wéi e mir Saache schmackhaft maachen, wéi e mir eppes plausibel, wéi e mir eppes verklickere kann.
Hie ka mech also beaflossen - a well ech déi Beaflossung net an Uecht huelen, kann ee roueg vu Manipulatioun schwätzen. Oder esouguer vu Mëssbrauch, well wéi soll een dat soss nennen, wann zum Beispill op eemol déi Äermst vun deenen Aarmen hiert Gléck an engem Multimilliardär fanne wëllen ... Hallo!?
Steter Tropfen höhlt den Stein a wann een ëmmer nees ënnerschwelleg Botschafte proposéiert kritt, soll kee mengen, e wier een dogéint immun. Fréier oder spéider lant een an enger sougenannten Filterblos, an där alles, wat net passe kéint, erausgefiltert gëtt, an et kritt ee just nach Bestätegungen, also Verstäerkunge vun den eegene Meenungen opgedëscht - bis een dann an engem Echoraum ass, an enger imaginärer Welt ouni Widdersproch, enger Virtual reality, déi eis gefält, déi awer een anere fir eis amenagéiert an inzeenéiert huet, een, deen domat allze gär just eegen Ziler verfollegt ...
Wann d'Majoritéit bis an esou Blosen duerch d'Weltgeschicht geeschtert, kënne mer d'Demokratie direkt opschafen, well da si mer ferngesteiert - Wale sinn dann iwwerflësseg.
Eng Demokratie brauch Widdersproch!
Rettung kann et just duerch Opklärung ginn. Ma déi ass onbequem - se erënnert un d'Geschicht vum Fëmmen - jidderee weess, datt et ongesond ass, an awer kritt een all déi Warnhiweiser a Schockbillercher gutt eklipséiert.
Bei der Demokratie dierfe mer eis esou eng "kognitiv Dissonanz" net leeschten!
Zum Schluss nach e Wuert zu Facebook: Dat ass eng Kommunikatiounsboîte, déi di sech jo bekanntlech ëmmer extrem schwéier, wat d'Kommunikéieren ugeet - dat läit an der Natur vun der Saach, well si wëssen ëm d'Power vun der Kommunikatioun. Dofir muss een hei den Drock op all d'Zockerbierger op der Welt héichhalen. Gläichzäiteg ass et awer och eng Grëtz pervers, datt elo méi mam Fanger op Facebook wéi op d'Manipulatiounsfirma selwer gewise gëtt: Wien ass méi schëlleg, deen, deen eng Manipulatioun net verhënnert oder deen, dee se mécht? Fir mech ass d'Äntwert kloer ...