Heimatmuseum, äh

Heimat, Heemecht, patrie - et héiert sech esou un, wéi wann do Wierder erëm a Moud kéimen, déi e bëssi vereelzt waren. E Commentaire vum Nico Graf.
Dëser Deeg ass mer duerch e Papperassenzoufall e Schrëftstéck an d'Hänn gefall, dat ech vergiess hat. Fréier huet dat Heimatschein geheescht. Ech krut esou eppes 2006, ech weess net méi firwat. An et heescht och net méi Heimatschein, mä Certificat de nationalité. De Clou ass: Mäin ass ofgelaf, wéi wann ech e vulgäre Yoghurt mat Verfallsdatum wier. Mäin Heimatschein war just genee 5 Joer laang valabel. Zanter 2011 sinn ech wuel ouni Heemecht. Sniff.
Egal. Et war fir mech DE Verspriecher vun der neier Groukou do iwwer, wéi den CSU-Chef Horst Seehofer sot, hien wier elo Chef vum neien Heimatmuseum, äh -ministerium. Do hat een eppes gepotert, wat en am Fong gemengt huet, awer ni gesot hätt, wëll et wier jo richteg gewiescht, altbacken, retro, genee esou konservativ, wéi d'AFD et erlaabt.
Ech stelle mer vir, no eisen nächste Wale kommen eis nei Koalitionären op d'Iddi, et de Preisen nozemaachen an e Musée, pardon: e Ministère fir Heemecht a Logement opzemaachen. Wier dat e Furri! Bon, bei eppes hätte verschidden honorabel Leit kee Problem, nämlech bei deem Sujet, ëm deen et dem Seehofer am meeschten geet, wëll soen Ofgrenzung, fort mat den Auslänner, keng Flüchtlinge méi. Wann s de gefillte Chef vum BKA, vum Bundesgrenzschutz, vum Logement an ebe vun der Heimat bass, da kanns de do scho vill zum Onwee maachen. Hei am Land wier dat eng Grëtz méi komplizéiert mat Lëtzebuerg de Lëtzebuerger.
Mä et kann ee jo emol driwwer nodenken. Wat Heemecht - ofgesinn vun deem trapege Lidd - da wuel ass.
Heemecht, dat si fir deen d'Fielsen am Mëllerdall, fir deen anere sinn et d'Éisleker Koppen oder d'Schmelzen oder d'Kasematten oder awer d'Hiwwele bei Beideler oder d'Kräizerbuch oder eng vun eise ville Buergen. Guer net ze schwätzen vu Spezialheemechte wéi dem Rescht vum Kiem, deen d'Hännessen – villmools Merci duerfir – stoe gelooss hunn tëschent dem Kierchbierg an dem Sennengerbierg. An d'Opzielung weist et: Et lant een an der Kandheet, wann een d'Plazen esou opzielt, an ech mierken: Et gëtt där Heemechte vill op eisem butzegen Territoire an a grousse Länner gëtt dat jo megamultiplizéiert, een aus der Bretagne huet ganz sécher e ganz anert Heemechtsgefill wéi deen aus dem Massif central. France profonde, oui, oui, mä wou? An alt erëm mierkt een, datt se mat deem Heimatministerium eppes Verstopptes wëlles hunn, wëll ech gesinn net, wat de Seehofer engem vun der Waterkant iwwer Heimat erziele kéint, ouni sech lächerlech ze maachen. Et geet also ëm Kandheet, ëm Plazen, no deenen ee verlaangert, Sehnsuchtsorte. Déi anscheinend verteidegt gi musse géint eppes, wat vu bausse kënnt. Dat huet eppes koppeg Regressives: Mammi, huel dat friemt Kand do ewech, ech well dech erëm fir mech hunn.
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen. Et geet – Lëtzebuergesch geschwat – ëm de Schoulausfluch vu fréier, dee géint déi aktuell Realitéit verblatzt. Luxembourg for finance huet näischt méi ze di mam Wënzer oder mam klenge Bauer oder mam Schmelzaarbechter, huet awer ganz vill ze di mat Autobunnen, mam Plat du jour an honnerte Pizzeriae ronderëm d'Stad a mat den Dierfer, déi der Längt no explodéieren, a bannendra gëtt et kee Café mat Keelebunn méi an alles dieselt déck motoriséiert iwwerall hin. Ofgesinn dovunner muss ech wierklech emol d'Isabel Wiseler an de Mars di Barto froen, wat fir si Heemecht bedeit. An et misst een emol all déi Lëtzebuerger froen, déi wéinst dem deiere Logement an d'auslännesch Noperschaft flüchten, et misst een och si emol froen, wat fir si Heemecht ass.
Apropos. Et war wierklech eng tipptopp premonitoire Iddi, aus deem Lidd vun 1859 déi zweet Strof ze sträichen. Do gëtt geschwat vum donkleBëscherkranz, dee vum Fridde stëll bewaacht wier an ouni Pronk an deire Glanz giff d'Land do gemittlech léif laachen. Euh, also d'Bëscher kréie mer lues a lues kleng a Pronk a Glanz a Fric hu mer, nu jee, wierklech gären. An duerno kënnt et am Lidd nach méi déck: Et wier keen eidlen Dram, nämlech dëst, am Heemechtsland "wunnt et sech esou heemlech dran". Wat si se an der CSV, déi jo traditionell an arrogant d'Heemecht schmiedert um Enn vun hirem Kongress, wat si se do frou, datt se déi Zeil iwwer de Logement haut net ze sange brauchen - "wunnt et sech esou heemlech dran" Grujeleg Fantasie, wann den o-Du-do-uewen seng Hand iwwer e Ministère fir Heemecht a Wunnengsbau hale giff. Déi aarmen, aarme Spekulanten, wéi sollt een deenen explizéieren, datt si d'Fric-Sonn laang genuch hu blénke gesinn.