Gewaltpotenzial an de Schoulen

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg
"D'Gewaltpotenzial an de Schoulen, Maison Relaisen a Crèchen ass an de leschte Joren enorm an d'Luucht gaangen". Ee Post op Facebook, respektiv e Lieserbréif, huet virun zwou Woche fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Et gëtt mam Fanger op d'Kanner gewisen a wéineg no den Ursaache gekuckt, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire ...
Alt nees gëtt iwwert d'Kanner diskutéiert, déi ëmmer méi frech, ëmmer méi brutal géife ginn a kee Respekt hätten. Déi Diskussioun ass net nei, mä kritt iwwert déi sozial Netzwierker eng grouss Opmierksamkeet. Et ass sécher richteg, datt eng Rei Kanner keng Grenze méi kennen. Net wësse wéini et duer geet an datt ee sécher net mat den Elteren oder dem Léierpersonal esou ruppeg a frech schwätzt wéi villäicht am Schoulhaff. Mä ob de Problem wierklech zouhëlt: Do feelen d'Chifferen. Sécher ass, datt fréier kee Personal an enger Maison Relais oder an deem Mooss wéi haut an de Crèchen sech huet misse vernenne loossen, well et déi Strukturen net gouf. Net nëmmen d'Kanner hu geännert och d'Ëmfeld!
D'Friembetreiung hëlt zou, dann huelen och ganz sécher d'Problemer zou. D'Mamme sinn haut net méi d'office doheem, fir op d'Kanner opzepassen an dat ass och gutt esou. De Papp erzitt mat, an der Grondschoul huet een schonn dacks e puer Enseignanten, déi an d'Klass kommen. Weidert Personal an de Maison Relaisen, dat och nach wiesselt. Vill Patchwork-Familljen, villäicht och nach zäitweis eng Nanny an och nach Grousselteren...esou vill Betreiungspersounen a verschidde Reegelen, déi fir d'Kanner gëllen.
Eis Gesellschaft ass haut hyper-stimuléiert, d'Kanner maachen do keng Ausnam.
Mä wat ass de Problem vun den eenzelne Kanner? Kann ee wierklech soen, datt vun 20 Kanner an enger Klass een Drëttel "verhalensopfälleg" ass? A wat ass dat iwwerhaapt? Ass een dat och schonn, wann een als Kand net dat mécht, wat déi Erwuessen engem soen? A wat déi an hirer stresseger Situatioun arrangéiert? Obwuel dat Verhalen net ontypesch ass fir e Kand:Déi kréien op alle Fall séier gesot, datt se nerven a villes net richteg maachen. Vun alle Säiten. Spéitstens dann handelen se och esou.
Déi modern Eltere kréien dann och dacks d'Schold...si géife keng Grenze méi setzen, wären antiautoritär. A ville Fäll handele se a schwierege Situatiounen awer esou wéi se et kennen...et gëtt gejaut, mat Drock geschafft, gestrooft a vill schloen och haut nach hir Kanner – obwuel se genee wëssen, datt dat de Kanner net gutt deet. Wann et am Lieserbréif heescht, et dierft een net dem Kand doheem vermëttelen, datt Gewalt – verbal oder physesch – a bestëmmte Situatiounen ok ass, ass dat sécher richteg. Déi Erwuesse liewen awer eppes Aneres vir. Mir si gestresst, genervt, reegen eis op, hiewen d'Stëmm, Eenzelner ginn domm a frech. Net nëmme Kanner falen op, well se sech dernieft behuelen, mä och vill Erwuessener. Am Auto gëtt de béise Fanger gewisen a sech all Rechter eraus geholl. Op de sozialen Netzwierker strotzen d'Posts vun Aggressivitéit speziell bei eenzelne Sujeten.
Et ginn also sécher vill Ursaachen, déi matspillen. D'Léisunge sinn nach méi schwéier ze fannen. Ee gutt gemengte Projet an der Schoul geet sécher net. Gutt a motivéiert Léierpersonal a vill a motivéiert Personal an de Betreiungsstrukture sinn néideg. A vill Zäit. D'Strukture solle kannergerecht an net ze grouss sinn D'Politik kann duerfir suergen. An och d'Gewaltpreventioun an der Ausbildung vun den Enseignanten verankeren. Leider gi Schoulmeeschteren a Léierinnen awer den Ament verzweiwelt gesicht!