Kann ee Wale mat engem Regierungsbilan gewannen? D'CSV huet dat laang Joren hikritt. Mam Jean-Claude Juncker un der Spëtzt. Elo hoffen d'Majoritéitsparteien, datt si nom 14. Oktober net fir anerer Plaz maache mussen. Si gleewen net richteg drun, nach ganz uewen um Podest stoen ze kënnen a verfalen erëm an de Juniorpartner-Reflex. En Tëscheruff vum Bérengère Beffort.

Laang Jore war et et zimlech onspektakulär. D'CSV huet iwwert d'Land regéiert. Virum Walsonndeg an och duerno. Der LSAP an der DP ass et déi Zäit drëms gaangen, gutt an der Gonscht vun der CSV ze stoen. A sech dann als Juniorpartner ofzeléisen. Mat de Neiwalen am Joer 2013 koum et zum politeschen Äerdbiewen an zum Ëmdenken. Dräi hu sech eppes getraut, wat gären als Schreckgespenst duergestallt gouf. Eng Koalitioun vun DP, LSAP an Déi Gréng. Eng Koalitioun ouni CSV an ouni de Jean-Claude Juncker. An elo, wou fënnef Joer duerch d'Land gaange sinn, freet ee sech: Wat kann een dorausser léieren?

Dës Legislatur als Experiment duerzestellen, als Paranthèse an der Geschicht, gräift ze kuerz. Mesuren a Virschléi vun der Koalitioun hunn net ëmmer gefall, si goufe kritiséiert oder carrement ofgelehnt wéi beim Referendum 2015. Mä et ass eppes geschitt. An iwwer Kommunikatiounspannen an Ongeschécklechkeeten eraus kann een elo erwaarden, datt dëse Bilan vun den dräi Parteie verdeedegt a weidergeduecht gëtt. Mä fir de Moment wierkt dat nach alles ganz schéi.

D'CSV mécht wärenddeems Walkampf. Si fuerdert Rou an e séchere Wee. D'LSAP stellt sech halt hannert den Etienne Schneider, deen auszedeele weess. A wat maachen dann DP an Déi Gréng? Hire Message ass nach net richteg ze héieren. Ween d'Ouere spëtzt, héiert mol Stéchwierder wéi méi Flexibilitéit an nohaltege Wuesstem. An dach huet een d'Gefill, dat sech verschiddener erëm an d'Roll vum Juniorpartner zeréckzéien. Sech schonns opginn, ier et iwwerhaapt ufänkt.

Keng Success Story, kaum Selbstbewosstsinn. Dat ass fir de politeschen Debat an d'Demokratie kaum fërderlech. Firwat feelt also de Courage? Ëmsou méi, well de Papp vum séchere Wee jo guer net méi dobäi ass. An am Prinzip ass jo awer alles op. De Juniorpartner-Reflex misst guer net sinn. Bis zum 14. Oktober bléift deemno vill Loft no uewen.