Mee 2018 zu Lëtzebuerg, eng Revolutioun am Stroosseverkéier!
De Chefredakter vun RTL Télé Lëtzebuerg reagéiert op Reaktiounen, setzt se an e Kontext a stellt sech Froen.
9 Changementer am Code de la Route vum Mee u suerge fir vill Irritatiounen.De Vëlos-Fuerer an de Foussgänger sollen am Stroosseverkéier besser geschützt ginn. Et verlaangt scho politesche Courage, fir op dëse Wee am Auto-Land Lëtzebuerg ze goen, mengt de Guy Weber.
Lëtzebuerg erlieft am Mee 2018 eng Revolutioun. Hoffentlech am friddleche Sënn.
De Vëlofuerer gëtt gläichberechtegte Partner am Stroosseverkéier.
Autofuerer mussen de Cyclist respektéieren an den ëffentleche Raum mat him deelen.
An engem Land, wou knapp 500.000 Gefierer (Autoen, Bussen, Camionen an esou weider) ugemellt sinn, gëtt d’Zesummeliewen nei geregelt.
Déi meeschte Vëlofuerer fueren och mam Auto a rëselen de Kapp, wa Cyclisten sech net un d'Verkéiersregelen halen.
Ëmgedréit wësse vill Automobilisten net, wéi ee sech um Suedel als schwaachste Member am Stroossentrafic fillt.
Nëmmen dann, wann een deen aneren am Alldag respektéiert, kann d'Zesummeliewe méiglechst sécher geléngen.
Well de Respekt ee vis-a-vis vun deem aneren, gëtt op de Stroossen reng praktesch eigentlech net eleng duerch de Code de la route geregelt. Dee Respekt muss sech am Alldag erschafft ginn.
An Holland oder Dänemark ass dëse Respekt do. Ma och a villen däitsche Stied funktionéiert d’Zesummeliewen. An Däitschland huet éischter de Ruff vun enger Autosnatioun.
Lëtzebuerg erfënnt sécher d’Rad net nei. Ma et ass a mengen Aen nach e wäite Wee, bis jiddereen hei am Land verstanen huet, dass den ëffentleche Raum am Stroosseverkéier weder e Privatterrain fir Autofuerer nach eng Spillwiss fir Cyclisten ass. Do kann d’Revolutioun vun Mee 2018 nëmmen en Ufank sinn.