D'Decisioun vum Nohaltegkeetsminister François Bausch vum 1. Mee un d'Vëlosfuerer an d'Foussgänger am Stroosseverkéier besser ze schützen, huet eng hëtzeg Diskussioun ausgeléist. Pro a contra Argumenter knuppen hefteg openeen.

D'Decisioun, de Cyclisten ze erlaben an Zukunft och bannent den Uertschaften zu 2 niefteneen dierfen ze fueren, huet deelweis béis Kommentaren ausgeléist. Och déi geplangten Mesure, dass den Autosfuerer e Mindestofstand vun 1.50 Meter muss anhalen, wann hien e Cyclist iwwerhëlt,  gëtt vu verschiddener Säit staark kritizéiert.  E Commentaire vum Marc Thoma.

AUDIO: Auto-Vëlo: E Commentaire vum Marc Thoma

An deem vergëften, verbale Streit  kënnt et engem bal vir, wéi wann d’Land géif ënnergoen, wann am Mee déi nei Moossnamen zu Gonschte vun de Vëlosfuerer zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Mä sou Mesure sinn am Ausland schonns laang Realitéit.  Et brauch een nëmmen hei fir bis an d‘Lorraine ze fueren, wou Schëlter op de Stroossen den Automobilist  opfuerderen,  Ofstand zum Vëlo ze halen.  A matzen dran an dësem däregen Auto-Vëlo-Sträit munch Matbierger, déi  mat engem Fouss am Auto an mat deem Aneren op der Vëlospedal stinn. Och ech gehéieren zu dëser „schizophrener“ Kategorie. Och ech fueren Auto a vill Vëlo a kennen d‘Problemer vu béide Parteien.

Tatsaach ass,  an de leschten 10 Joer huet sech d‘Verkéierssituatioun zu Lëtzebuerg dramatesch verännert. Stauen, rout Luuchten, onendlech Chantiere si fir de gestressten Autosfuerer en alldeeglechen Szenario. An zu allem Iwwel an deem Chaos dann och nach de Vëlosfuerer, deen nervt,  hënnert an näischt op der Strooss ze sichen hätt. Nëmmen, wann den Cyclist wëllt vun A ob B an dann och nach bis op C fueren , dann  muss hien  streckeweis op d’Stross auswäichen. An do mutéiert hie fir d’Autosfuerer zu engem regelrechten Feindbild. Getuuts, Gejäiz, Provokatiounen, geféierlech Manöveren an géigesäiteg Scholdzouweisunge si keng Seelenheet an dësem Trauerspill.

Et gëtt Stroossen, do muss een als Cyclist suizidär Gedanken hunn, fir do ze fueren. Streck vu Mamer op Koplescht iwwer Schëndels no Miersch ass een Beispill vun villen. Wuelgemierkt,  do gëtt et wäit a breed keng Vëlospist.

Wéi dacks kritt e Cyclist getut, wann en net extrem riets fiert. Ween d’Lëtzebuerger Stroossen awer kennt, dee misst wëssen, dass et grad um Strossebord déi meescht Lächer, Kaulen, Kräsi a Gullie gëtt  an de Vëlosfuerer gezwongen gëtt, no lénks auszewäichen, wëllt en net de Risiko agoen, d’Rad ze schloen. An esou ass déi geplangte Moossnam annerhallwe Meter Ofstand ze halen keng Schikan fir den Autosfuerer, mä eng kleng Sécherheet fir de Cyclist.

An wéi dacks schonn ass e Cyclist matzen op engem agezeechente Vëlos-Sträifen an eng Autosdier gerannt, déi e Chauffeur, ouni opzepassen, einfach opgerappt huet.

An deen, dee vill Vëlo fiert, kennt och déi net ongeféierlech Situatioun, wann e Camion, Trakter oder Bus geféierlech, neelech laanscht rennen an e staarke Loftdrock provozéieren.

Och d‘Benotzen vun engem  Rond-Point - wéi am Irgäertchen -  wou keng Vëlospiste eng Alternativ ubitt - ass fir e Cyclist e gewoten  Exercice, sech an där Autoslawin ze beweegen an heel erëm erauszekommen.

An esou ass et keen Zoufall, dass e routinéierte Vëlosfuerer am Laf vun der Zäit esou eppes wie en 7. Sënn entwéckelt, fir d’Geforen, déi op Schratt an Tratt laueren, virauszegesinn a präventiv an defensiv ze reagéieren.

Natierlech gëtt et och schwaarz Schof ënnert den Cyclisten, déi sech de Batti stellen,  sech net un d’Reegelen halen an onnéideg Risiken aginn . Mä am Géigesaz zum aggressiven Autosfuerer bestrooft sech den ondisziplinéierte Vëlosfuerer selwer. Well kënnt et zu engem Zesummestouss tëscht Auto a Vëlo, dann zitt de Cyclist – esou sécher wéi den Amen an der Kierch -  ëmmer dee Kierzeren .

Wa mer ganz éierlech sinn, Lëtzebuerg war an ass och haut nach ëmmer alles, mä keen Vëlosland. An där aktueller iwwerhëtzter Diskussioun sinn déi ugekënnegt Mesure keen Wonnermëttel, mä éischter e Versuch, déi Schwaach am Verkéier e bësse besser ze schützen. Dat eleng geet awer net duer: och an de Käpp muss en Ëmdenken entstoen. Dobäi spille Rücksicht a Respekt  eng kardinal Roll.

Jiddefalls als Vëlosfuerer, deen och Auto fiert, bleift mir déi optimistesch Hoffnung, dass ee verstännegt, tolerant Niefteneen mat gläichberechtegte Partner op ëffentlecher Strooss… keng Utopie ass.