Gëschter huet de Bob Jungels Léck-Baaschtnech-Léck gewonnen. Mat 25 Joer huet hien säi bis elo gréisste Succès gefeiert. An dat nodeems déi leschte Wochen a Méint net ganz einfach waren...

Enn Januar hätt d'Carrière vum Bob Jungels kéinte riwwer sinn. Während engem Trainingsstage a Südafrika ass ee Camion vun hannen an hien an zwee Equipiere gerannt. De Petr Vakoc gouf schwéier blesséiert, de Laurens de Plus bësse méi liicht an de Lëtzebuerger Champion ass mat engem décke Schreck dovu komm.

D'Moral krut awer ee Coup.

Tirreno-Adriatico sollt dunn een éischte Peak an der Saison ginn. Hei huet dem Bob Jungels ee Virus ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Deen huet sech bis an den Tour duerch Katalounien bemierkbar gemaach. D'Resultater sinn ausbliwwen. An dat an enger Ekipp, déi praktesch all Course dëst Fréijoer gewonnen huet. Och dat huet sécherlech fir ee gewëssen Drock op de Schëllere gesuergt.

Deem Drock huet hien awer Stand gehalen.

Während engem Stage op Mallorca, virun den Ardennenklassiker, huet hien nach eng Kéier u senger Form gefeilt. An dass déi géif stëmmen, huet ee schonns de leschte Sonndeg bei der Amstel Gold Race gesinn. Seng Acceleratioun huet dozou bäigedroen, dass säin Equipier Philippe Gilbert an de roude Beräich komm ass. E Mëttwoch huet hie sech nees an den Déngscht vun der Ekipp gestallt. Et war virun allem dem Bob Jungels ze verdanken, dass säin Equipier Julian Alaphilippe d'Flèche Wallonne konnt fir sech entscheeden.

E Sonndeg war et dunn un him. An déi Chance huet hie sech net entgoen gelooss. Am Stil vun deene ganz Groussen, huet hie mat der "Doyenne" eng vun de flottsten Course gewonnen. D'Fransousen géife soen: "Du Grand Art".

Dat soe se villäicht och am Juli. Da geet de Bob Jungels als Leader vu senger Equipe un den Depart vun der Grande Boucle. Mat villäicht zu Roubaix engem Maillot Jaune op de Schëlleren. De Pawee kennt hien. 2012 huet hie sech bei Paris-Roubaix vun den Espoirs d'Victoire geséchert.