Wann d'Mikroen dëst Joer an der Chamber fonctionnéieren, da fänkt de Mëtteg pénktlech um hallwer 3 de fënneften "Etat de la Nation" un, deen de Staatsminister Bettel an der Chamber hält. Eise Chefredakter Roy Grotz bleift virsiichteg optimistesch, wat d'Nouvellen ugeet, déi mer de Mëtteg wäerte presentéiert kréien ...

Duerfir ginn ech direkt och dem liberale Premier op dëser Plaz de gudde Rot, seng Ried nach eemol z'iwwerkucken a sech z'iwwerleeën, wat ënnert d'Kategorië vun der Selbstbeweihrächerung fält, de Polit-Elogen an an de Creneau vu "wat huet d'Dräier-Koalitioun dach alles gutt gemaach" a sech villméi op d'Zukunft ze konzentréieren - an déi läit net an de puer Méint bis zu de Wahlen, mee geet wäit driwwer eraus - firwat soss huet de Regierungsrot gëscht nach déck Zuelepäck ugeholl, déi op Bréissel geschéckt ginn? De nationale Reform-Programm, kuerz de PNR, mécht Projektiounen bis d'Joer 2020 - dat sollt och de Staatsminister haut maachen - wann hien seng Ried méi kuerzsichteg axéiert, wier dëst en Zeechen, dass hien u keng Suite vu Gambia géif gleewen, respektiv seng eegen Partei net méi an der Regierungsresponsabilitéit gesäit - an dat kann dach wuel en ambitionéierte Politiker wéi hien net wëllen.

Ech erwaarde mer also ganz kloer Zukunftsperspektiven an dëser Ried - de Leit am Land Courage maachen an opweisen, dass et kee Sënn huet, alles schlecht ze rieden oder d'Politiker fir alles responsabel ze maachen, mee dass mer alleguer mussen un engem Seel zéien, wa mer de Wuelstand an eisen héije Liewensstandard wëllen halen. Dass Leit, déi all Mount mussen d'Enner konsequent beieneenhalen, sech iwwerleeë mussen, wéi se mam RMG eens ginn, jorelaang am Chômage hänken oder sech ni kënnen en eegent Doheem leeschten, aner Suergen hunn, wéi politesch Sonndesrieden nozelauschteren ass kloer - duerfir wier et gutt, och u si ze denken, wann Discourse wéi den Etat de la Nation geschriwwe ginn, well och si wëllen hir Suergen eeschtgeholl wëssen. De Wirtschafts- a Sozialrot grad wéi d'Caritas-Publikatiounen, déi de Fanger an dës sozial Wonnen leeën, sollen net nëmmen um Nuetsdësch leien, mee vum Staatsminister gelies gi sinn.

Iwwerhaapt erwaarden ech mer vill vun deem Xavier Bettel, ëmsou méi et kee Bilan soll sinn, deen de Mëtteg virgedroen gëtt, oder eng Auto-Zensur, mee et ass jo grad hien, deen duerch seng sozial Oder, wéi keen anere weess, wéi d'Leit am Land ticken - oder gëtt et éieren en aneren Grond, firwat de Premier sech Zäit hëlt säi bloen Telefon a Foussgängerzonen ze stellen a fir sech de Suergen vun all Mënsch unzehuelen - dass dat nëmmen e mediewierksaamt Element vun enger Bling-Bling-Pre-Wahl-Campagne soll sinn - dat kann a wëll ech einfach net gleewen.

De Xavier Bettel leeft an de Campagnen zu Héchstform op - mee duerfir muss Contenu kommen. Soen, wéi et weidergeet. Mat Zuele beluecht. Et geet net duer, de "léiwe Schwéierjong" ze sinn, mee nieft der Sympathie och d'Kompetenz spillen ze loossen. De Xavier Bettel huet se - da loosse mer et drop ukommen, ob mer se de Mëtteg vun him androcksvoll a mat Zukunftspläng bewise kréien.

Land a Leit wären et derwäert!