Nei Mudam-Direktesch: Strategie oder Onwëssenheet?

D'Suzanne Cotter huet d'Decisioun geholl, dem Wim Delvoye seng Chapelle ofzebauen. D'Direktesch vum Mudam huet dëst gëscht bei engem informellen Iesse mat Vertrieder vun der Press confirméiert.
D'Iddi wier allerdéngs vu Kollegen aus dem Musée komm. Si selwer hätt net mol gewosst, datt een d'Wierk demontéiere kéint. Iwwert de Manktem u Kommunikatioun, wat dës Decisioun ugeet, d'Reprochë vum Kënschtler oder de politesche Volet, deen dat Ganzt ugeholl huet, gouf een allerdéngs net vill gewuer. En Tëscheruff vum Claudia Kollwelter
Et hat ee sech jo eigentlech erwaart, datt wéi d'Decisioun bekannt gouf, datt d'Chapelle demontéiert soll ginn, ee vu Säite vum Musée eng Explikatioun géif kréien. Net just d'Press, mee och d'Leit dobaussen wollte wëssen, op Grond vu wat déi Decisioun gefall ass, a virun allem wie se geholl huet.
Du koum per Communiqué d'Informatioun, datt am Raum vun der Chapelle Plaz fir edukativ Zwecker soll gemaach ginn. Nach ëmmer näischt, wien déi Decisioun geholl huet. Well keng Erklärung koum, goufe sech Froe gestallt a Rumeure sinn entstanen - hat de Verwaltungsrot seng Hänn mat am Spill, oder vläicht d'Leir Foundation?
An dat alles fir eng ganz einfach a banal Erklärung vun der Suzanne Cotter, déi seet et wier hir Decisioun gewiescht, et wier normal, datt een als Direktesch Choixen trëfft an eben och Changementer am Haus mécht. De Musée géif sech net duerch ee Kënschtler definéieren. Mee firwat déi Ausso elo eréischt kënnt - op déi Fro gouf et keng Äntwert.
Iwwert dem belsche Kënschtler Wim Delvoye säi Stellewäert hei am Land a besonnesch och zum Mudam, d'Relatioun tëscht dem fréieren Direkter Enrico Lunghi an dem Kënschtler, seet déi aktuell Direktesch näischt gewosst ze hunn. D'Virwërf vum Wim Delvoye iwwert e Manktem un Transparenz a Kommunikatioun léisst d'Suzanne Cotter net gëllen - gëtt allerdéngs och keng Konter-Argumenter. D'Chapelle kéint an anere Muséë gewise ginn, huet d'Direktesch nach erkläert, et wier awer nach näischt konkret decidéiert ginn.

Déi nei Mudam-Direktesch Suzanne Cotter
Datt d'Suzanne Cotter eréischt kuerz zu Lëtzebuerg ass, an si d'gutt Recht huet Changementer am Musée ze maachen, an déi Méiglechkeet och muss behalen ass jo ze verstoen, mee d'Manéier wéi iwwert déi Decisioun an och dono kommunizéiert gouf, manner. 2 Mol haten mir mat der Télé a mam Radio en feste Rendez-Vous fir en längeren Interview mat der neier Direktesch ze maachen, natierlech iwwert déi aktuell Diskussiounen, mee och doriwwer eraus iwwert hir Visiounen fir de Musée - 2 mol gouf en a leschter Minutt ofgesot. Et misst ee sech nach op den Interview preparéieren huet et bei der zweeter Ofsoe geheescht. Aus engem Interview gouf dunn en Déjeuner Presse, bei deem awer näischt opgeholl dierft ginn. Am Endeffekt wier e Mikro wahrscheinlech och iwwerflësseg gewiescht, wëll et op vill Froen vun de Journaliste keng konkret Äntwerten gouf.
D'Fro stellt sech, ob hannert deem allem eng Strategie stécht, alles duerchduecht a genee esou geplangt war an ass, oder et awer Onwëssenheet vu Säiten vun der neier Direktesch ass, wat d'Medien an awer och d'Politik hei zu Lëtzebuerg ugeet.
E Freideg muss d'Suzanne Cotter an der Chamberkommissioun den Deputéierte Ried an Äntwert stoen - ob se sech do d'nämmlecht uleet, bleift ofzewaarden.
Vläicht muss een der Direktesch jo och nach Zäit loossen, sech un d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg ze gewinnen, an hier eng Chance ginn, no engem bëssen holperege Start, et wier op alle Fall net vu Muttwëll, wann an Zukunft méi Wäert op d'Kommunikatioun geluecht géing ginn.