Politiker ouni Responsabilitéitsgefill?

Normalitéit gëtt et net. Och wann dat bei anere Saache méi einfach fält, hei awer net. All Kéiers wann nees een Incident an enger Nuklearzentral gemellt gëtt, mécht ee sech Gedanken: Wat, wann elo eppes wierklech Schlëmmes geschitt? Ma de Bedreiwer stellt esou Tëschefäll als Lappalie duer, mengt d’Nadine Gautier.
U sech misst een nationalen Autoritéite jo kënne "vertrauen". Noutgedrongen. Si huele wichteg Decisioune fir hir Populatioun, Decisiounen, déi automatesch een Impakt op d'Liewe vum Bierger hunn, dee sech deenen net ëmmer entzéie kann. Eng Regierung soll duerch Entscheedungen hir Populatioun beschützen. Ëmsou méi beonrouegend empfannen ech d'Decisioun vun der belscher Regierung, fir d'Reakteren zu Tihange an zu Doel net zouzemaachen, mee déi bis 2025 weiderlafen ze loossen. D'Responsabilitéit vun der belscher Regierung geet iwwert hir Grenz eraus. Kéim et zu engem Tëschefall wier net nëmmen d'Belsch concernéiert. An awer geschitt näischt.
De leschte Weekend ass ee weidere Grad vun der Onsécherheet erreecht ginn. An der Zentral zu Doel wou Microfissure vun ëm déi 16 Zentimeter scho virun 3 Joer detektéiert goufen, gouf et elo och nach eng Fuite. An dat an engem radioaktive Beräich. Ech wëll mir net umoossen hei Expert ze spillen, mee wann esou eng Nouvelle kënnt, mat der Explikatioun hannendrun, datt d'Reparatioune Méint kéinten daueren, well d'Aarbechter net kënnen iwwert e puer Stonnen am Beräich schaffen, léisst dat awer och bei engem Net-Kenner d'Alarmglacken aus. Virun allem och, well de leschten Hierscht schonn Experte vun der kathoulescher Universitéit vu Leuven, KUL, een alarmante Rapport publique gemaach hunn, an d'Regierung, do konkret déi federal Agence fir Nuklearkontrollen opgefuerdert hunn, Doel an Tihange esou séier wéi méiglech zouzemaachen. Zu Oochen hu sech Mëtt Abrëll Nuklearexperte gesinn, déi och massiv kritiséiert hunn. Ech kann net beuerteelen, wéi schlëmm et ëm déi zwou Zentrale steet, mee Experte schonn... op ee musse mer eis jo verloossen, selwer verifizéiere goen, wéi et ëm d'Reaktere steet, kënne mir jo net.. Opklärung wier esou néideg a Plaz, datt d'Leit mat Floskele roueggestallt ginn. Well Angscht, datt eppes kéint geschéien, déi kann een net ofstreiden.
Wann een da mat der Warnung vu Spezialisten am Hannerkapp, de Communiqué vum Exploitant vun der Zentral zu Doel Engie Electrabel virun e puer Deeg liest, freet ee sech : ass dat Awëscherei? Och wann et just eng schwaach Fuite ass, esou wéi d'Porte Parole vun der Entreprise dat behaapt, muss ee sech jo awer eemol dem Problem stellen... Apropos stellen ... Jo déi belsch Agence fir Nuklearkontrolle stellt sech hannert een... de Bedreiwer vum Site. Et gëtt gemaach, wéi wann et sech hei em eng Lappalie handelt. D'Fuite wier net « en soi un problème de sûreté ». Do freet ee sech : wat ass dann un « problème de sûreté »? Do feelt et kloer un Opklärung, Transparenz. Wat muss geschéien? Zu Tihange huet sech 2016 eng Dalle geléist, d'lescht Joer gouf ee sech bewosst, datt d'Infrastruktur zu Doel net de neien Normen am Fall vun engem Äerdbiewen entsprécht, ëmmer nees musse Reakteren erofgefuer ginn.
Den Exploitant huet natierlech all Interêt de Ball flaach ze halen. En huet ee finanziellen Interêt. Ma och déi belsch Regierung huet deen... Wéi soll d'Land sech soss mat Stroum versuergen? Den offiziellen Zuelen no beleeft sech d'Stroumproduktioun duerch déi 7 Zentrale vun Doel an Tihange op 50%.
Et ass een zweeschneidegt Schwäert. Wann d'Regierung d'Nuklearzentralen, Tihange ass knapp 70 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, ofschalt, hunn d'Belsch net genuch Stroum, wann se se weiderlafe léisst, riskéiert een emol ee gréissen Tëschefall, wou een net esou glimpflech dervu kënnt. Fir mech agéiert déi belsch Regierung awer onverantwortlech, wa se d'Zentralen net zoumécht.
Ech froe mech heiansdo: stellen déi Leit, déi Responsabel, de Bedreiwer, d'Politiker, déi hannert dem Exploitant stinn, sech net heiansdo d'Fro vun hirer eegener Sécherheet, oder där vun hire Kanner. Wann eppes geschitt, si si genausou concernéiert wéi all anere Bierger och. Och d'EU-Kommissioun misst mol mat der Fauscht op den Dësch schloen. Och si wiere vun engem gréisseren Tëschefall concernéiert. Am Plaz ze reglementéiere wéi een Uebst op eis Tellere kënnt, kéint d'Kommissioun och mol hei ee Verbuet ausschwätzen. Ma neen d'EU-Kommissioun erlaabt léiwer Subventioune fir eng weider Zentral...déi zu Hinkley Point.
Hunn déi Politiker iwwerhaapt ee Responsabilitéitsgefill?