Virun engem Joer huet den Emmanuel Macron déi franséisch Presidentiellen gewonnen an hie sëtzt zënterhier zu Paräis un den Hiewelen. Villes war versprach ginn, villes gouf an de leschten 12 Méint ugepaakt, eng Rei wichteg ekonomesch Indicateure weisen effektiv haut an déi Richtung. Alles paletti also?...Jein, mengt de Pit Everling de Moien a sengem Commentaire

No engem Joer Frankräich "à la Macron" huet sech jiddefalls nach net erausgeschielt, ob mer et hei wierklech mam grousse Retter ze dinn hunn oder net.
Aus dem Patient Frankräich nees eng "Grande nation" maachen, d’Land komplett ëmkrämpelen a fit fir Muer maachen, dat war dat ambitiéist Uleies vum frëschen, jonken, dynameschen a charismateschen Haushär am Elysée-Palais.

Elo e Joer méi spéit wësse mer mol, datt en et Eescht mengt. Mir hunn et mat engem ze dinn, deen als Jupiter optrëtt, dee Stäerkt a Muecht demonstréiert, souguer e gewëssene Persounekult zelebréiert, dee virun allem keng Kritik ze no u sech eruléisst.

Wat een dem fréiere Banker jiddefalls net ka reprochéieren, dat ass, datt en d’Saachen net ugeet a sech net duerchsetzt, d’Reform vum Aarbechtsrecht zum Beispill war ëmgesat ewéi de Blëtz.

Keen Eisen ass dem President ze waarm, souguer eng eigentlech net geplangte Reform vun der Bunn soll duerchgezu ginn, hie fäert keen a léisst sech net vum Wee ofbréngen, souguer net vu franséischen Eisebunner-Gewerkschaften an hirer Streik-Kultur.

De Macron kann effektiv éischt Succèse bei den Zuelen notéieren, zum Beispill wiisst d’Wirtschaft nees eenegermoossen.

Op internationalem Plateau – notamment a Syrien -  gëtt militäresch Stäerkt demonstréiert- wat natierlech doheem gutt ukënnt.

Datt en op gudde Copain mam US-President Donald Trump mécht, gëtt him souguer am Hexagon net all ze iwwel geholl.
Ma d’Bier ass nach laang net geschielt. Et ass grad emol e ee Fënneftel vum Quinquennat erduerch an de Macronismus stéisst och sou munch engem sauer op.

Enger Ëmfro no, déi am Monde Public gemaach gouf, fanne 55% vun de Fransousen, datt d’Aarbecht vum President, global gesinn, negativ ze bewäerten ass, do krute souguer verschidden onbeléifte Virgänger eng besser Zensur no engem Joer am Amt.

Relativ gutt hätt de 40 Joer ale Staatschef zwar bei der Aussepolitik ofgeschnidden, besonnesch versot hätt hien awer bei der Kafkraaft a beim Reduzéiere vun de sozialen Inegalitéiten, heescht et an der Ëmfro.

De Kompromëss-Kandidat fir d'Presidentin Le Pen ze evitéieren, dierft et schwéier kréien, fir datt d’Leit him déi faméis Wollmëllech-Sau - déi och nach Eeër leet - nach ofkafen.

Lénks a riets zu gläicher Zäit, „libérer et en même temps protéger“, datt dat alles ze kombinéieren ass, dorunner zweiwele mëttlerweil vill Fransousen.

De Macron stécht elo scho matten an engem grousse  Muechtkampf mat den Eisebunner- Gewerkschaften. Wien iwwerlieft wäert sech weisen. Och aner politesch Dossieren, déi nach op der Lee vum President sinn, si potentiell geféierlech fir hien.

Besonnesch sympathesch ass de knallhaarde Politiker Macron jiddefalls net méi onbedéngt an dat wëll hien och net sinn.  Hie wëll endlech dee franséische Staatschef sinn, dee sech duerchsetzt, dee keng Zäit verléiert mat Verhandlungen a mat der Sich nom Kompromëss. Dat kann opgoen, muss awer net.

D’Geschicht huet scho méi dacks gewisen, datt e Briecheisen zum Boomerang ka ginn. Well wat vläicht objektiv gesi gutt fir d’Entwécklung vum Land, dat kann den eenzelnen SNCF-Machinist vläit net novollzéien, well d’Reform op seng perséinlech Käschte geet. Hie verhält sech dat bis bei déi nächste Wahlen.

Bis dohinner ass et nach e Strapp. Mä sollten d’Reformen net gräifen, respektiv net iwwerzeegen, da kritt de Jupiter mat der wackeleger En-marche Partei et déi nächste Kéier ganz schwéier. De Front National géing Merci soen.