Den zoustännege Minister wëll et zwar net héieren, mä d’Generalsekretärin vum Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils, dem OAI huet et e Méindeg nach emol bei eis op der Antenn betount, et gëtt e Logements-Noutstand zu Lëtzebuerg. An un deem wäert sech wuel an nächster Zäit net terribel vill änneren, fäert d’Claude Zeimetz a sengem Commentaire.

AUDIO: Commentaire vum Claude Zeimetz

Eis Invitée vun der Redaktioun huet dësen  Noutstand dorunner fest gemaach, well mer zu Lëtzebuerg en Defizit vu Wunnengen hunn. An dat kann hier wuel kee falsch maachen. Et gëtt ganz  einfach nach ëmmer net genuch Bauplazen am Land.

D’Populatioun wiisst monter weider an d’Retarden am Logement ginn nëmme lues gestoppt. Duerfir sinn a bleiwen d’Terrainspräisser sou héich. Wunnen ass zanter Joren mat Ofstand den Haaptkäschtepunkt vun de Leit.
Dat éischt Zil vun der Regierung ass et d’Evolutioun vun de Präisser um Immobiliëmarché an de Grëff ze kréien, andeems d’Offer vu Logementer a Bauterrainen eropgeschrauft gëtt, hat et nach am  Regierungsprogramm 2013 geheescht, an deem iwwregens och eng Reform vun der anachronistescher Grondsteier drastoung.

Geschitt ass zanterhier a béiden Domänen net genuch, respektiv näischt Konkretes. A bis Oktober kënnt do och net méi vill no. Jidder Politiker weess, datt een an engem Land vun iwwerduerchschnëttlech ville Proprietären mat enger Hausse vun der Grondsteier kee Walkampf gewanne kann.

Batter néideg, eleng aus enger Gerechtegkeetsperspektiv eraus, wier eng Upassung vun den Eenheetswäerter awer duerchaus. Hei muss déi nächst Regierung d’Viraarbecht aus dem Aarbechtsgrupp konkretiséieren. Blo-Rout-Gréng huet aus de Feeler vun der Vergaangenheet geléiert an huet de Logement bewosst net zur Chefsaach deklaréiert. De Premier huet sech dat schéngs esou zu Häerz geholl, datt de Xavier Bettel am leschten Etat de la Nation quasi guer net op d’Thema agaangen ass. Dobäi bréngt d’Logementsproblematik grouss Risike fir de sozialen Zesummenhalt mat sech. Déijéineg, déi sech näischt leeschte kënnen, ginn ëmmer méi wäit hannert d’Grenz an den Exil a geheien dat gutt geduechte Landesplanungskonzept vu schaffe-wunne-liewen op enger Plaz direkt mat iwwer Bord.

De Logementsminister selwer huet an der Lescht besonnesch eppes gemaach an zwar de Lëtzebuerger Logementsproblem relativéiert. Ënnert anerem mat dësem Beispill, wat de Marc Hansen bei all gudder Geleeënheet zitéiert. Et géif och net jiddereen zu Paräis beim Eiffeltuerm, zu Bréissel op der Grand-Place oder zu München um Marienplatz wunnen. Dat ass wuel richteg. Wou de Minister awer falsch läit. Déi héich Logementskäschten konzentréiere sech hei am Land net nëmmen op d’Groussgaass oder Kierchbierg, ma op déi ganz Peripherie vun der Stad. Tendenz steigend.

De Marc Hansen huet zulescht och nëmme nach ganz wéineg dovunner geschwat, wéi d’Präisser um Privatmarché gedréckt kéinte ginn. De liberale Logementsminister huet Recht, datt d’Léisung aus villen eenzele Puzzelstécker besteet, ma wichteg Stécker feele schéngs awer nach. Soss misst sech dach eppes änneren. Oder ass dee Status quo politesch gewënscht?

Ënnert anerem déi iwwer 900 fräi Hektar am nationale Baulückeprogramm konnten nëmme ganz bedéngt mobiliséiert ginn. Sou laang keen d’Rezept fënnt, fir d‘Privatleit dozou ze kréien, den Terrain net weider brooch leien ze loossen, sou laang komme mer hei sécher net virun. Vläicht huet jo déi nächst Regierung effektiv de Courage, fir op de Wee vun enger nationaler Antispekulatiounstaxe ze goen. Keng einfach Decisioun, kloer. Et wëll ee jo och net Famillje strofen, déi nëmmen eng Bauplaz fir hir Kanner fräihalen an awer ass, mengen ech, de Punkt areecht, datt d’Politik nieft den Efforte vun de staatleche Bauträger, och  do aktiv muss ginn, fir datt och de Mëttelstand, deen net vun de staatleche Subside gehollef kritt, e bëssche Liicht um Enn vum Tunnel gesäit. Eng Gemengentaxe op eidele Wunnengen, déi néierens erhuewe gëtt, bréngt jiddefalls kengem eppes.

Wann d’Politik vun de Privatleit erwaart, si misste bei de Wunnformen ëmdenken, kann de Bierger och vun de Politiker erwaarden, datt si an der Logementspolitik couragéiert ëmdenken.