Dateschutz

E Freiden trëtt eng EU-Direktiv iwwert den Dateschutz a Kraaft, déi Auswierkunge wäert hunn, ë.a. och berufflecher. Héiert dozou e Commentaire vum Eric Ewald.
Eppes sief virausgeschéckt: Dateschutz ass wichteg, dat huet ee spéitstens beim leschte Skandal ronderëm Facebook gesinn. Deen Dateschutz gëtt och leider ëmmer méi en Thema, wann ee gesäit, wat verschidde Leit op de sougenannte sozialen Netzwierker vu sech als Informatiounen no bausse ginn, spréch wéi onvirsiichteg den Ëmgank mat eegenen Donnéeën ass. Jiddereen huet sécher och mol scho gehofft, wann en eppes iwwer Internet kaf oder eng Bankiwwerweisung gemaach huet, dass d'Sécherheetssystemer sou gutt sinn, dass alles riicht leeft. Allerdéngs geet dat net ëmmer gutt aus, wéi ee bei engem rezente Prozess um Stater Geriicht gesinn huet: Do goung et ëm eng Affär, an där e Mann net grad 2.250 € vu sengem Kont ofgebucht krut. Um Enn vum Prozess konnt de Vertrieder vum Parquet dem Affer just nëmme roden, nach emol nom Uerteel, dat iwwermuer gesprach gëtt, bei senger Bank z'intervenéieren, fir säi Schued eventuell beglach ze kréien!
An 3 Deeg ginn deemno nei Bestëmmungen a Saachen Dateschutz Realitéit. Dass déi virun der Dier stinn, hutt Der vläicht och an de leschten Deeg an Äre Maile bemierkt! Ech hu mer de Spaass gemaach, e Freide mol genee dorop opzepassen: 4 sou Maile krut ech deen Dag, an deenen, op lëtzebuergesch iwwersat, stoung: „Loosst eis weider a Kontakt bleiwen!“; „Dir musst Är Virléiften aktualiséieren!“; „Confirméiert, dass Der weider am Verdeeler bleift!“ an „Kommt, mir ginn de Wee zesumme virun!“ Opfalend dobäi war, dass ech vun deene 4 - eng Reesagence, zwou Informatiounsentreprisen an en Tourismusbüro - sécher nëmmen engem meng Donnéeën direkt hannerlooss hat, fir dass se mech uschreiwe kéinten. Den Tourismusbüro kann ee sech nach doduerch erklären, dass en Hotel aus deem Land meng Donnéeë weiderginn huet, wat ech zwar net expressis verbis erlaabt hunn, wat vläicht awer an enger vun deene Maile stoung, déi ee séier confirméiert, ouni se duerchzeliesen, fir seng Rou ze hunn. Deenen zwou Informatiounsentreprisen hunn ech allerdéngs sécher ni eng eegen Zouso ginn, woubäi een natierlech, wann een an deem Beräich schafft, och vu lénks oder riets emol kann, iwwer eng Sammeladress, ugeschriwwe ginn.
Wourop ech awer eraus wëll, als Äre Geriichtschroniker, ass eppes, wat vun e Freiden un en Impakt op meng Aarbecht do wäert hunn. Mir, déi méi oder manner reegelméisseg Geriichtskorrespondente vun Dages- a Wochenzeitungen, Radioen an Telé, krute bis d'lescht Woch ëmmer sougenannt Feuilles d'audiencë geschéckt, op deenen net nëmme stoung, wat eng Persoun gestiicht huet, déi viru Geriicht koum, ma och hiren Numm! Vun e Freiden u steet op deenen Ziedele just nach, wat enger Persoun virgehäit gëtt, mä eben net méi hiren Numm, an och net méi, ob sech eng Persoun eleng veräntwere muss, zwou oder eng Dosen. Elo kënnt Der soen: „Richteg sou!“, woumat een Iech net kann Onrecht ginn. Elo ass et awer sou, dass eis üblech Verdächteg sou net méi z'erkenne sinn, oder dass mer a méi groussem Mooss op Informatioune vu lénks oder riets ugewise sinn, fir ze wëssen, ob eng Affär och fir Iech interessant ass oder net. Mir froen also beim Presseservice vun der Justiz elo net méi eis Informatiounen zum Fall Max Mustermann, mä zum Fall X (plus vläicht Y, plus vläicht Z, oder och net). Am Sënn vum Dateschutz sécherlech ze vertrieden, fir eis awer eng Quell vu liichter Frustratioun, well mer, als gewëssenhaft Journalisten, ëmmer responsabel mat deenen Donnéeën ëmgaange sinn!
An der Hoffnung, mat de Responsabele vun der Justiz a vum Dateschutz vläicht nach eng viabel Léisung kënnen ze fannen, biede mer als Geriichtschroniker alt scho mol ëm Nosicht bei Iech Nolauschterer, Nokuckerten a Lieser, wann eis mol eng net oninteressant Affär sou duerch d'Lappe géif goen!