Mythos, e Commentaire

Story-telling, Narratif, Fake News, Iwwerzeegungsaarbecht, Propaganda, Pub – fréier hu se dat Mythos genannt. E Commentaire vum Nico Graf.
Huelt d'Griichen. Déi hunn e relaxen Ëmgang mat hiren urale Geschichten. An hire bekanntste Béier heescht eben „Mythos“. Dat steet do, déck wäiss Buschtawen op gréngem Fong. A well a Griechenland alles, wat wichteg ass, op Englesch leeft – steet do och, dat wier premium quality an en hellenic beer.
Wat d'Bild vun engem Einhorn op der Etikett vum Béier soll, verstinn ech net esou richteg, well en Einhorn spillt jo an der griichescher Mythologie nu guer keng Roll. Bon, den Einhorn soll der Joffer Maria an de Schouss gespronge sinn an ausgerechent dowéinst wier hien de Symbol vu Puretéit an Onschold. En Einhorn am Schouss - ech muss zouginn, datt ech do ëmmer meng Douten hat, deeër net propperer, also net befleckt vum kathoulesche Reinheitsgebot.

Passons bei de nächste griichesche Béier. Deen heescht carrément Odyssey. Knätscheg rout Etiquette. Mat deem Béier lant een direkt am red-light-district. Et wier eng (Zitat) Red Rhapsody, 7%, an et wier Circe's Spell, der Kirke hire Fluch. Zwee boerbuseg Fraleit gräife sech op der Etikett an d'Hoer. Oha, dir verstitt, ech hunn dee Béier misse probéieren, wann dat d'Gedrénks ass, mat deem d'Zauberin Kirke dem Odysseus seng Frënn a Schwäin verwandelt huet. Hien, de Fuuss, hat eng Anti-dote, gouf net verwandelt, huet et sech awer ee Joer laang gutt goe gelooss mat der Zauberin, ier e fortgefuer ass, mat senge Frënn, déi erëm Männer waren. Dee Béier schmaacht grujeleg. Von wegen Verzauberung.

An du sinn ech am Supermarché iwwer e Wäi gefall, deen ech hu misse kafen. Dezent Etikett, eng Amphore, an de Wäin heescht, nei-griichesch, laténgesch Buschtawen, KANENAS. Dat heescht – et ass bal Lëtzebuergesch – Keen. Och dat wier, steet do, eng Odyssey, eng Rhapsody, gekeltert aus Mavroudi- a Syrah- Drauwen. Et wier (Zitat) a myth in the bottle, steet vir op der Bottel an hanne steet eng kuerz Geschicht, op Englesch an op Nei-Griichesch, dëst: den Odysseus wier vum Zyklop Polyphem an der Grott gefaange gehale ginn. De schlaue Griich hätt dem Polyphem säi precious Wäin zerwéiert. De Polyphem hätt Merci gesot a gefrot, wéi dann de Numm vum edle Spender wier, an den Odysseus hätt geäntwert KANENAS, Klammer op (no-one), steet do hannen op der Fläsch. Enn vum Text.

Wonnerschéin. D'Geschicht huet just e pur kleng Feeler, se litt carrément. Well de Polyphem huet jo no a no dem Odysseus seng Männer gefriess. Den Odysseus huet hie mat Wäin ofgefëllt. De Polyphem freet de Griich, wéi hien heescht. Säin Numm wier KANENAS äntwert deen, an den Zyklop versprécht, hien als leschten ze friessen, wéinst deem gudde Wäin. Mä wéi e stracksaat ass, stécht den Odysseus him e gliddege Poul an d'A an dréit kräfteg. De Polyphem ass elo blann. A fir aus der Grott erauszekommen, strécken de Griich a seng Männer sech ënner d'Schof a flüchte mat deenen aus dem geblennten Zyklop senger Grott. Esou erzielt den Homer dat. A wéi dem Polyphem seng Mat-Zyklope gefrot hunn, wien him dat ugedoen hätt, do sot hien KANENAS, also Keen. Déi rëselen de Kapp, mengen, hie wier geckeg ginn, mä soss wier wuel alles an der Rei.

© Kanenas hannen
Op der Etikett vum Wäi steet also nëmmen een Drëttel vun der Wouerecht, déi, mat deeër sech de Wäin un d'Touriste verkeeft, de Mythos. Ausgeblent gëtt, datt de Staarken, de Polyphem, déi Schwaach frësst, datt déi sech awer ze wieren wëssen, mat d'ailleurs enger ausgefuusster Brutalitéit, déi mech gegrujelt huet, wéi ech déi Geschicht fir d'Éischt gelies hunn. Et bleift: alles wat grausam a bluddeg ass, gëtt hei escamotéiert, vertuscht, verschwiegen. Mä mat dem Rescht gëtt Pub fir e Produit gemaach.
Ech weess och net firwat, mä bei deene Geschichte muss ech drun denken, datt mir an engem Waljoer sinn. Do ass elo schonn net alles mäi Béier, wat ech esou virgesat kréien. D'Parteie presentéiere sech sexy, appelléieren un eis niddregst Instinkter, maache Grunzdéieren aus eis, becircen eis. Elektoral Pornogra... , pardon Propaganda. Nee, do kréie mer kee renge Wäin zerwéiert, d'Geschichte gi gebéit a verdréit, mir ginn op d'A gedréckt, vill Verspriechen, vill mensonge par omission, vill Mythos quoi. An herno war keen et.
Post-scriptum: Mythos heescht am Al-Griicheschen emol fir d'éischt Wuert, Ried, Gespréich, an dann: Plang, Zil, Projet - woumat mer jo dann erëm am Walkampf sinn - a ganz spéit gëtt aus Mythos da Geschicht a Legend.
Zweete Post-Scriptum: KANENAS: ech mengen do gëllt nach ëmmer dem Roby Biever säi Saz: Et wor net keen.