Vu rengen Idealisten, déi sech fir d'Ëmwelt, fir de Fridden a géint de Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Rëmerschen agesat hunn – bis hin zu Regierungsmemberen haut, déi sech zwar nach ëmmer fir d'Natur, ma och fir ee Burka-Verbuet oder de Bau vun neie Stroossen asetze mussen - déi Gréng husech vill verännert.

Den Idealismus mécht hautdesdaags dacks Plaz fir d'Realpolitik, déi deene Gréngen an der Lescht net ganz gutt zu Gesiicht steet, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.

Commentaire Annick Goerens

„Mir brauche méi e grousse Kaliber, mir brauchen den Tuerm“, dat sot de gréngen Deputéierte Gérard Anzia iwwert den neie Staatssekretär am Ëmweltministère Claude Turmes, an erkläert domadder, firwat net hie selwer, ma eben de Claude Turmes op dës Plaz nominéiert gouf. Genee dee Gérard Anzia, deen eben an de leschte Parlamentswalen 2013 Véiertgewielten op der Nord-Lëscht, hannert dem Camille Gira, dem Christiane Wickler an dem Frank Thillen war. De Claude Turmes, dee jo bei den Europawalen an net den Nationalwale matgaangen ass, gouf deemno aus reng elektorale Grënn, nämlech fir de Sëtz vum Camille Gira am Norde kënnen ze verdeedegen, op dës Plaz nominéiert, an de Gérard Anzia dofir ecartéiert.

Jo de Claude Turmes ze nominéiere war ee cleveren an elektoral richtege Choix, ee Gréngen, dee vun Ufank u mat derbäi war, charismatesch, mat vill Erfarung an dee wierklech d'Prinzipie vun déi Gréng komplett verdeedegt an och ëmsetzt. Kompetenz gouf deemno duerch Kompetenz ersat, ma dat schmaacht net all Mënsch an och zu Recht.

D'Co-Parteipresidentin Françoise Folmer wär internen Aussoen no zolidd béis iwwer d'Aart a Weis, wéi dës Decisioun geholl gouf. Mat basisdemokratesche Wäerter – déi zum Selbstverständnes vun den Grénge gehéiert - huet dës Nominéierung och net méi ganz vill ze dinn. Dat ass „politique politicienne“ wéi se am Billerbuch steet, ee Choix fir een Sëtz ze halen an dat vun enger Partei, déi  eigentlech ëmmer fir de Contraire stoung. Déi Gréng hu sech also effektiv mëttlerweil zu enger richteger Vollekspartei entwéckelt, déi Decisiounen hëlt fir Walen ze wannen an net Decisioune fir hir Ideologie ze vertrieden an eng Alternativ ze presentéieren.

Dëst ass just ee Beispill aus rezente Kontroverse mat deene sech déi Gréng net grad kënne bretzen. Och a punkto Integratioun a Feminismus, zwee Punkten déi di gréng an hirem leschte Walprogramm 2013 als Prioritéiten definéiert haten, sinn déi Gréng mam Burka-Verbuet däitlech géint hir eege Prinzipie gaangen. Natierlech muss een als Gréng an der Regierungsverantwortung Kompromësser agoen, déi engem net ëmmer schmaachen, mee et kann een doriwwer eraus de Choix maachen, fir eben net an dem nämmlechte parteipoliteschen Zirkus matzedanzen. Fir trotz Kompromësser awer partei-intern Wäerter héich ze halen. Deemno net Waasser ze priedegen an duerno Wäin ze drénken.