Déi Gréng sinn am Opdriff - a misste bal mat an d'nächst Regierung kommen - quasi als eenzeg vun den 3 Gambia-Parteien, wann een dem Politmonitor vun dëser Woch Glawe schenkt. Wa sech also kee Feeler geleescht gëtt, da kéint et zum historeschen Ament kommen, datt d'Lobby vun Ëmweltschützer nach eng zweete Kéier d'politescht Soen kritt - "wann", mengt de Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg Roy Grotz.

Jo, "wann" sech lo nämlech keng politesch Gaffen erlaabt ginn an "wann" déi Gréng trei zu deem stinn, wat se wielbar gemeet huet, an zu deem, wat se sinn: Leit, déi fir Biodiversitéit, Mënsch an Ëmwelt astinn an hannert dem renge Profit vu Firmen och kucken, wéi en Impakt dës op d'Ëmwelt hunn. Net wuessen ëm all Präis, mä mat Iwwerleeung a Konzept. Bis dato hu se dat fäerdegbruecht, natierlech net ouni Fiederen ze loossen a sech dem Polit-Meanstream ze verschreiwen, mä op hir Aart a Weis.

Datt lo d'Françoise Folmer en public a virun der Partei-Basis d'Handduch geheit - aus wéi enge Grënn nieft dem politeschen Drock an der Emotioun vum Doud vum Camille Gira ka jidderee sech selwer ausmolen - an dem Net-Unhuele vun enger grénger Kandidatin am Staatsrot, kann een als Kollateralschied bezeechen.

Datt awer all grénge Regierungsmember kuckt, esou gutt, selbstbewosst a konsequent seng Dossieren ofzeschaffen, geet ewell duer, fir sech als potenzielle Koalitiounspartner fir d'CSV um Desserts-Plateau ze presentéieren.

Sécher wier et méi einfach fir d'CSV, fir nees mat DP oder LSAP an d'Koalitiounsbett ze klammen, mä wie kann et dem Wieler erklären, fir aus renge pragmatesche Grënn eng Looser-Koalitioun ze forméieren?

Firwat soen ech dat?

Abee, well ech aus de Resultater vum Politmonitor zwar eraus liesen, datt d'Käpp vun Blo a Rout, also Bettel, Polfer, Asselborn an Di Bartolomeo zwar staark ukomme beim Walvollek - Sympathie a Kompetenz sinn ebe gefrot -, mä datt an der Real-Politik - also och am Oktober an der Wahlkabinn - nach ëmmer zielt, wien dann lo d'Vollek effektiv wëll an der Regierung sëtzen hunn - a wa sech den Trend vun der Sonndesfro esou confirméiert, wéi déi lescht Kéieren, da kritt Gambia keng Majoritéit méi beieneen an et si just nach Déi Gréng, déi seriö an éierlech vu sech kënne behaapten, datt se iwwerhaapt eng Pretentioun dierfen hunn, fir mat der CSV ze koaléieren - et sief dann, d'orange Vollekspartei géif komplett derapéieren an ënnergoen, wat den aktuellen Tendenzen no net ze gleewen ass.

Et sinn net mir, d'Medien, léif Politiker, déi Schwaarz-Gréng wëllen inzeenéieren, mä d'Walvollek gouf gefrot an op déi Äntwerten an der Sonndesfro d'nächst Woch si mer gespaant.

Kloer: Et ass nach eng Zäit bis Oktober a villes ka geschéien an d'Wale spille sech dacks eréischt an de leschten Deeg, jo Wochen ... wann et also DP an LSAP geléngt, den Exploit vun de Gréngen nozemaachen an och Wieler-Stëmme fir sech ze bunkeren - abee dann: Chapeau! D'Course ass lancéiert ... un d'Wieler den Appell gutt nozelauschteren, wéi eng Partei d'Land wëll op d'Zukunft preparéieren a vrun allem mat wéi engem Programm. Déi Gréng hunn e Virsprong virun de Kollege vu Blo a Rout - schued, datt se net méi zesummenhalen, soss kéint et um Enn vläicht awer nach duergoe fir d'Suite ... waarde mer d'nächst Woch d'Meenung vun de Leit bei der Sonndesfro mol of.