De Chefredakter vun RTL Télé Lëtzebuerg reagéiert op Reaktiounen, setzt se an e Kontext a stellt sech Froen.

Et si nach knapp 4 Méint bis béi déi nächst Chamberwahlen. Dat dierft mëttlerweil jidderee matkritt hunn. Den Ament ass, wéi ëmmer viru Wahlen, d'Zäit vun den Cadeauen un déi divers Wieler-Gruppen. "Et ass Chrëschtdag am Fréijoer", mengt de Guy Weber um Méindeg a sengem Commentaire iwwert déi rezent politesch Decisiounen.
Wat hu mer an den leschten Deeg an Wochen net fir erfreelech Annoncen héieren?

Déi gréissten Wielergrupp - d’Staatsbeamten - gëtt ë.a. mat engem Gehälteraccord - zefriddegestallt.

Den Examen fir d‘Staatsbeamte gëtt vereinfacht.

Jonker ënner 20: Dat heescht - potentiell Neiwieler - däerfe gratis mam ëffentlechen Transport fueren.

Am Summer däerfe mer alleguerten och fir näischt mam Tram op d’Schueberfouer rullen.

4 IRMe kommen an de Spideeler bei, fir dass mer net méi an d'Ausland musse goen, well mer hei ze laang gewaart hunn.

Am Fleegesecteur dierft Rou aktéieren, well de Staat den Patronen an de Gewerkschaften entgéintkënnt.

D’Hëllefsdéngschter däerfen awer nees mat den eelere Leit akafe goen.

Mer kréien alleguerte gratis Dampmelder.

Eng Nationalgalerie kënnt, fir och der Kulturszeen op d'mannst e bëssen zouzegestoen.

De Seminaire kritt eng Enveloppe, fir Formatioun e Recherchen duerchzeféieren.

D‘Cyclisten kréie méi Rechter am Stroosseverkéier.

Am Hierscht ginn d’Bicher am Secondaire gratis verdeelt.

Mat dëse "Cadeauen" huet "Gambia" sécher näischt Neits erfonnt - dat hunn och aner Regierungsparteien an der Vergaangenheet virun de Wahlen esou gemaach.

Mä war net grad dës Regierung ugetrueden mam Usaz, fir iwwerall e bëssen an och bei sech selwer ze spueren?

Dësen Usaz ass schonns iergendwéi a Vergiess geroden.

D'Dëppe vun den Staatsfinanzen schéngt jo nach ëmmer gutt gefëllt ze sinn.

Elo kann de Summer kommen.

Elo kënnen d’Parteien äifreg un hire Programmer schaffen.

An da wäerte mer am Hierscht da gewuer ginn - wann d’Parteie sech net ze vill duerch Sondagen gedriwwe fillen - wéi mer dann an Zukunft dat Dëppen nach fëlle wäerten.

Mat griecheschem Jughurt, engem Internetris oder eleng duerch Innovatioun.

Vlächt kënnt dann nach virun de Wahlen och eng Debatt driwwer, wéi eise Sozialsystem an d’Renten nach finanzéierbar bleiwen.

Oder wéi Mënschen zu Lëtzebuerg sech nach eng Wunneng kënne leeschten oder mam Mindestloun nach iwwert d’Ronne kommen.

Well aus gutt gefëllte Keessen erauszehuelen an ze verdeelen, ass net terribel schwéier.

Spannend gëtt d’Politik hei am Land eréischt dann, wa muss tranchéiert ginn. Wa Choixe musse getraff ginn. Och Choixen, déi eventuell wéi dinn.

Well - och wann keen et gären héiert - Dëppen fëllt sech sécher net éiweg vum selwen.