Mulles, Merci fir déi geckeg lescht 17 Joer!

E Méindeg den Owend ass d’Karriär vun engem vun deene gréisste Lëtzebuerger Sportler vun allen Zäiten op en Enn gaangen. De 35 Joer alen Tennisspiller, Gilles Muller, huet nom Out am 1. Tour bei de US Open seng Rackett, wéi annoncéiert, eng leschte Kéier an de Kuerf gestach.
De Franky Hippert, deen de Mulles, wéi de Muller och nach genannt gëtt, wärend senger 17 Joer laanger Profikarriär suivéiert huet, elo vun New York mat engem Commentaire an engem perséinleche Réckbléck.
My Way, vum grousse Frank Sinatra, deen nëmme 5 Kilometer Loftlinn vum Gilles Muller sengem Hotel zu New York gebuer gouf, ass mir e Méindeg de Mëtteg um 15.15 Auer Lokalzäit an de Kapp komm. De Gilles Muller hat 3 Matchbäll am 5. Saz géint sech...!
And now the End is near,
And so I feel the final curtain
Ma och de Recht vum Lidd passt einfach, fir d’Karriär vum véierfache Lëtzebuerger Sportler vum Joer ze resuméieren. Hien ass säi Wee gaangen. 2001 huet bei de US Open, mam Titel bei de Junioren, alles esou richteg ugefaangen. E Méindeg nees seng lescht Partie, nees zu Flushing Meadows, an dat mat erëm engem richtege Mulles-Match. Héichten an Déiften, Weltklass-Ballwiessel a vermeidbar Feeler.
D’Schicksal wollt net, datt de Gilles Muller am 3. Tour de ganz grousse final curtain an enger night session am Arthur Ashe, dem gréissten Tennisstadion op der Welt, géint de Rafael Nadal kréich. Géint dee Nadal, aktuell Nummer 1 op der Welt, mat der epescher Victoire vum Mulles zejoert zu Wimbledon! Fir mech a menger 18 Joer laanger Sportreporter-Karriär den absoluten Héichpunkt, deen et ganz schwéier gëtt, jee nach eng Kéier ze toppen!
De Gilles Muller huet och nach géint ganz aner Grousser gewonnen, Agassi, Roddick ... asw! En huet e ganzt Land matféiweren a matziddere gedoen! No 16 Joer huet hien zejoert zu Sydney mat sengem 1. ATP-Titel ganz Lëtzebuerg, bei der méi wéi emotionaler Präisiwwerreechung, kräische gelooss. E Méindeg war nees esou een emouvante Moment! A sengem leschte Match ass hien nach eng Kéier u seng physesch Grenze gaangen. Duerno souz hien total eidel op sengem Stull, an esou wéi een och de Mënsch Gilles Muller kennt, war et de ganz diskreten Ofgang vum bescheidenen Terrain 15 bei de US Open.
Ech fir mäin Deel si frou an traureg, datt et elo eriwwer ass. Traureg, well ech weess, datt ech ni méi e Muller-Nadal-Match ze kommentéiere kréien, keng drëtt ATP-Victoire a keng besser Plaz, wéi d’21 an der Weltranglëscht, annoncéiere kann. D’Potenzial fir d’Top 15 war do, als fréier Nummer 1 an der Juniorweltranglëscht ganz sécher. D’Konstanz huet am Ufank vun der Karriär awer gefeelt.
Den Architekt vum Gilles Muller senge Succèsen aus de leschte Joren ass sécherlech de Jacques Radoux, deen aus purem Idealismus eng performant Ekipp ronderëm den Tennisspiller opgebaut hat! Besonnesch seng 2 Bouwen Lenny an Nils a seng Fra Alessia hunn de Gilles Muller awer och méi räif gi gelooss!
Frou sinn ech awer perséinlech och, datt et eriwwer ass, well ech, sou wéi wahrscheinlech vill Leit am Land, matgelidden hunn, wann de Mulles gespillt huet! Och e Méindeg nees!
A wéi séngt de Sinatra:
Regrets, I’ve had e few,
But then again, too few to mention!
A genee esou ass et! Ee vun de beschte Lëtzebuerger Ambassadeuren, och wärend onvergiesslechen Davis-Cup-Matcher, ass e Méindeg a seng sportlech Pensioun gaangen.
Mat de Féiss um Buedem, de sympatheschen zougängleche Gilles Muller vu niewendrun, och wann d’Rackett heiansdo huet missen dru gleewen, war hien, trotz der Weltbekanntheet, souwisou nach ëmmer!
Mulles, Merci fir déi geckeg lescht 17 Joer! Et kann een nëmmen den Hutt virun denger Karriär a virun Dir als Mënsch zéien!
Yes, it was your way!