Déi éischt Walkampf-Woch

Déi éischt Woch vun der Walcampagne läit hannert eis - och um Radio konnte sech d'Parteien thematesch erklären: Defiléiert sinn d'Spëtzekandidaten Etienne Schneider a Claude Wiseler, grad wéi de Claude Meisch, mä och de Fred Keup vum ADR, fir nëmmen dës ze nennen. Wat kënnt dës Woch op eis duer? Wat behale mer vun der éischter Woch zréck? De Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg Roy Grotz...
Ech soe mech bis ewell net sonnerlech erstaunt, wat ech do héieren hunn an de Polit-Talks, sief et bei eis op der Antenn oder bei de Kolleegen op der Télé - an den Dueller war et en Eruntaaschten éischter, an der grousser Table ronde gëscht goung et "pour la forme", mä sécher net um Inhalt, alt emol méi rau an héich hier, mä dat war et och schonn. Et gëtt gekuckt wéi am Box-Réng, de Géigner aus der Reserv ze lackelen, fir him da galant ze verstoen ze ginn, dass een dach awer och gutt Partner an der Politik kéint sinn. Ech schwätzen hei vun de groussen etabléierte Parteien DP, LSAP, Déi Gréng an och d'CSV, déi jo um Samschdeg och hire komplette Plang fir Lëtzebuerg devoiléiert huet. Mat der ADR wëll kee wierklech eppes ze dinn hunn, woubäi Ewechkucken oder -drécken natierlech och keng Léisung ass, mä villméi sachlech Konfrontatioun.
Sympathesch koumen se bis ewell ALL eriwwer, déi am Waltaxi gefouert goufen, elo gëllt et mol, méi an den Detail ze goen, vun deem, wat eis d'Parteie verspriechen a wat d'Kandidaten duerstellen. Och dës Woch gi mer Iech duerfir d'Geleeënheet, fir méi e klore Choix kënnen ze maachen, mir hunn d'Woch ënnert d'Thematik vum Sozialen an der Familljepolitik gestallt - den Optakt maachen de Mueren am Gespréich d'aktuell Familljeministesch Corinne Cahen an hire Virgänger Marc Spautz.
Aner Rendez-vouse mat Politiker dann um Mëttwoch tëscht der KP an Déi Lénk, an um Freideg tëscht dem Minister Kersch an engem grénge Politiker. Um Donneschdeg hutt Dir zum Sujet d'Wuert - alles ëmmer moies géint 10 op 8, natierlech wéi gewinnt op RTL Radio Lëtzebuerg - de Waltour ass no Iechternach dann den nächste Samschdeg zu Dikrech op Visitt.