Et gëtt 1. vill iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch an eis Identitéit diskutéiert. An enger Woch, wou ech op eisem Internetsite oder an de sozialen Netzwierker Lëtzebuerger gesinn, déi op sougenannten "Oktoberfester" uechtert Land oder "op de Wisen" zefridden an d'Kamera laachen.

Op de Biller entdeckt een och Politiker, fir déi dat Lëtzebuergescht wichteg ass. Déi importéiert däitsch Traditioune si sécher en Detail. D'Diskussioun ronderëm eis Identitéit an eis Sprooch ass och wuel berechtegt. Mä wat ass da genee eis Identitéit? An ass d’Sprooch wierklech dësen Ament eise wichtegste Problem?

Et gëtt 2. och iwwert Asyl a Migranten debattéiert, wou et mer net esou richteg aliicht, wou de Problem zu Lëtzebuerg momentan soll leien. Déi grouss Flüchtlingswell war am Summer 2015 an ass net elo. Dass an Däitschland wéinst Chemnitz, Köthen an der Wal a Bayern d’Flüchtlingsthematik nach ëmmer aktuell ass, huet u sech awer näischt mat eisem Alldag an der Zäit nom 14. Oktober ze dinn. Oder dach?

An da vermëssen ech 3. eng éierlech Debatt iwwert déi méiglech Konsequenze vun engem ofgebremste Wuesstem.

Ech ka mer ënnert dem Begrëff "qualitativen" oder "nohaltegen" Wuesstem nach ëmmer näischt Konkretes virstellen.

Et héiert een, dass mat Steieren de Wuesstem kéint gesteiert ginn. Dass d’Vitesse vum Wuesstem de Problem ass.

Mech géif als Bierger a Steierzueler och interesséieren, wéi d’Parteie gedenken, mat manner Wuesstem a vläicht manner gutt gefëllte Staatskeesen eens ze ginn.

A wat et konkret bedeit: Wa politesch Choixe musse getraff ginn an net alles kann, ewéi bis elo, realiséiert ginn. Wann net all Interessegrupp méi kann zefridde gestallt ginn. A wann d’Ëmverdeelung muss iwwerduecht ginn.

Als Lëtzebuerger wëlle mer bekanntlech alles.

Héich Léin a Renten, eng Wunneng am Gréngs, mobil sinn ouni Aschränkungen. Am Resumé: eng héich Liewesqualitéit.

Wa manner soll méi sinn, muss dem Bierger dat och konkret mat alle Konsequenzen erkläert ginn. Virum 14. Oktober, wa méiglech.