Eng Rentrée an der Walcampagne

Spéitstens muar, wann an alle Lycéeë vum Land den Eescht vum Liewen nees ufänkt, huet eis de komplette ganz normale Wahnsinn erëm: Et ass Rentrée! Eng Rentrée, déi dëst Joer awer e bësse méi anormal ass wéi déi Jore virdrun, op d'mannst zum Deel, fënnt den Eric Ewald de Moien a séngem Commentaire:
Normal ass se just an deem Sënn, dass d'Immobilitéit op eise Stroossen an Autobunnen elo nees séier Realitéit gëtt. Wann d'Busse vun de Schüler an d'Autoe vun de Proffen och erëm mat an d'Schleekecourse um Macadam ginn, da gëtt et „nervenaufreibend“, wéi déi Däitsch soen. An da si mer matzen dran an der Diskussioun iwwer ee vun de grousse Sujeten, deen d'Chamberwale vum 14. Oktober dominéiere wäert, d'Mobilitéit. Déi gekoppelt ass un d'Diskussioun iwwert de Wuesstem an déi nees un déi, z.B., vum Wunnen a vum Pensiounssystem!
Op deene Punkte brauch et an der Walcampagne, déi bis elo gedam verlaf ass - wat alt de Virdeel huet, dass et nach net zu verbalen oder aneren Entgleisunge koum -, brauch et also Wäitsiicht a kloer Positiounen. Wann een awer d'Informatiounsblieder vun de Parteien, déi bei engem an der Bréifboîte landen, duerchliest, da fënnt een dora v.a. mol eng Invitatioun zum Panachage, well an hinnen all d'Gesiichter vun de Kandidaten ze fanne sinn. No konkrete Proposen zu deene wichtege Froe fir d'Zukunft vum Land muss een allerdéngs gutt sichen: Déi eng Parteien deelen engem an der Haaptsaach mat, wou een hir Kandidaten am Walbezierk begéine kann, eng aner stellt d'Haaptthemefelder vun hire Kandidate vir a seet engem, wou een och mat deene schwätze kann, eng aner schwätzt vun der Wuesstemsfal, ouni konkret Iddien ze proposéieren, wéi een doraus erauskënnt, an eng aner seet, wat se an der Regierung ëmgesat huet, ouni dass dat déi grouss Problemer a Suerge vun de Leit massiv ofgefiedert huet.
An deenen Informatiounsblieder - wuelverstanen doran, net an de Walprogrammer - sicht een also ëmsoss dono, wéi d'Parteien z.B. zu engem Monorail a Richtung Stad stinn - déi an der Tëschenzäit verstuerwen Ex-Buergermeeschtesch vun Diddenuewen hat dee jo an d'Gespréich bruecht -, zu enger Prioritéitsspuer fir de Bus oder fir de Covoiturage op Autobunnen - dat lescht genanntent gëtt et jo als Carpool an den USA, a Kanada an an Norwegen, plazeweis eréischt vu 4 Leit am Auto un! -, zu engem Ausbau vum grenziwwerschreidenden Zuchreseau - och wann dat jo, wéi et schéngt, méi schwéier bis onméiglech ass - a wéi zu engem richtege Mobilitéitskonzept iwwert d'Grenzen ewech. Well et schéngt kloer, dass de Mobilitéitsproblem net eleng vum iwwert d'Grenzen eraus attraktive Wirtschaftsstanduert Grand-Duché ze léisen ass. Do brauch et eng Concertatioun mat der Groussregioun, déi jo sou dacks héichgehale gëtt, déi awer am Konkreten am Schiet vun der wirtschaftlecher Konkurrenzsituatioun dohi vergetéiert.
Wuesstem, Wunnen a Pensiounssystem sinn, wéi gesot, aner Facettë vun där Problematik, an och si mussen an den nächste Wochen thematiséiert, kontrovers diskutéiert an, wann da bis eng Regierung steet, och resolut ugepak ginn. Et brauch Wuesstem, jo, eleng scho wann een un eise Pensiounssystem denkt, oder muss deen éieren a Fro gestallt a reforméiert ginn? A méi brénge mer et fäerdeg, souvill ze bauen, dass v.a. jonk Familljen net méi mussen an d'not Ausland wunne goen, well se sech hei am Land net vill bis näischt leeschte kënnen? U sech misst ee sech op dee „Concours d'idées“, wéi d'Fransouse soen, freeën! An der Hoffnung, dass een net dovun enttäuscht gëtt...