D’lescht Woch goung et op RTL jo ëm "Wuesstem a wirtschaftlech Entwécklung". "Liberté, égalité, fraternité" kann een de Commentaire vum Francois Aulner resuméieren.

AUDIO: Commentaire vum vum François Aulner

Sinn ech deen Eenzegen, dee schockéiert ass?
D’lescht Woch huet de Kandidat fir d’ADR, de Fred Keup, dofir plädéiert, datt Lëtzebuerger solle privilegiéiert ginn, wann Aarbechtsplazen hei am Land entstinn.

Fir et op d’Spëtzt ze dreiwen, kann een och froen: wat soll de CHL maachen, wann e keng Lëtzebuerger Chirurge fënnt? „Oh da mécht de Josy dat, dann ass et ebe bësse méi wéi fréier?“ Nee nee, et ass net d‘Ausso, Lëtzebuerger musse privilegiéiert ginn, déi mech schockéiert, se ass net nei a war z‘erwaarden.

Et ass och haart, wann ee bei enger Bewerbung eng negativ Äntwert kritt. Engem einfach virgeheien, et wier seng Schold, wann een ënnerqualifizéiert ass oder net weess vu senge Kontakter oder Sproochevirdeeler ze profitéieren, gräift ze kuerz. Mir hunn net Privilegien a mir hate net all den einfache Wee an der Jugend.
 
Inkohärent Léisungen

Mee de Lëtzebuerger "privilegiéieren", ass de falsche Wee, laut EU-Reegelen a Mënscherechter kaum ëmzesetzen. (Saudi-Arabien huet zanter September gewëss Aarbechtsplaze fir Saudi-Araber reservéiert, mee Saudi-Arabien ass net an der EU an et kennt ee säin Ëmgang mat Mënscherechter.)

D’Lëscht vun Argumenter géint esou eng Approche ass och laang: Wat ass, wann d’Ausland och esou mat den Zéngdausende Lëtzebuerger, déi am Ausland schaffen oder studéieren géing maachen? Wéi ee Signal geet u Schüler? "Keng Angscht, mir privilegiéieren dech um Aarbechtsmaart, also du brauchs dech net ze vill unzestrengen“?

D’ADR surft op de Problemer vun de Leit. Problemer, déi net d’Majoritéit vun de Leit betrëfft, mee Problemer, déi et ginn. Par konter: Engersäits e Constat maachen, datt et de Leit méi schlecht géing goen an da sech vehement géint alles stellen, wat deene méi Staarken an der Gesellschaft géing nëmmen een Cent kaschten, dat ass net Populismus, dat ass inkohärent.

"Chacun pour sa gueule"

Nee et ass net déi Ausso, déi mech schockéiert. Se ass net nei a se war z’erwaarden.

Ouni op déi ganz Deregulatiounsphas nom Washington-Konsens anzegoen, muss een numol feststellen, datt souguer während der Kris vun 2008 d‘Milliardären, déi gréisst Accumulateure vu Kapital, méi räich ginn… gläichzäiteg gouf an der EU-Austeritéit bedriwwen. Genee dat, wat den internationale Währungsfong sëllech Länner operluecht huet… eng grouss Desillusioun.

D’Politik ze vill gedriwwen oder gefaange vun Interessie vun ëmmer méi systemeschen a groussen Wirtschafts- a Finanzinteressie muss endlech agesinn, datt ze vill sozial Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten, Waasser op d’Mille vun de "Populisten" ass. De World Economic Forum – wierklech kee sozialisteschen Veräin - deelt zanter méi rezent reegelméisseg Iwwerleeungen an déi Richtung. The Economist, eng wirtschaftsliberal Wochenzeitung, huet och seng Linn adaptéiert.

Als graff resuméiert Konklusioun: Aarbecht gëtt zanter Joerzéngten ëmmer méi besteiert a Kapital manner. Wat kann ee mat méi Sue maachen? Ma méi konsuméieren. A méi Konsum ass wat ? Méi Knascht. Dee mer zum Beispill déi Säit der Grenz a Frankräich op Bauschuttdeponien geheien. Bei deene Fransousen, deenen hir Jobs mer als éischt wéilten Lëtzebuerger ubidden.

Chacun pour sa guele? Après moi le déluge? An dat 2018 an engem vun de räichste Länner vun der Welt, enger Welt voller Plastik, mee Leit, déi op der Strooss sinn? Dat schockéiert mech. Wat ass méi wichteg: Fräiheet oder ëmmer méi Geld? Déi, déi béides gär hunn, musse geschwënn sech fir eent entscheeden. Béides wäert ee wéi et schéngt net kënnen op laang Dauer hunn.