Mir sinn an der Halschent vun der offizieller Walcampagne. Déifgräifend inhaltlech Ausernanersetzunge gouf et bis ewell éischter wéineg. D'Walcampagne 2018 ass bis ewell duerch aner Saachen opgefall. An déi loossen et engem kal de Réck eroflafen. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

AUDIO: Net z'entschëllegen: De Commentaire vum Claude Zeimetz

Et huet ugefaang mat Plakater, déi zerstéiert goufen. Du Käpp vu Kandidaten, virop dee vum Monica Semedo op der DP-Lëscht am Osten, déi op béide Säiten aus den Affichen erausgerappt goufen. E Sonndeg gesinn ech an deem selwechte Bezierk en LSAP-Plakat laanscht d'Landstrooss, dat mat Hakekräizer beschmiert gouf. Virgëschter mécht de President vun de Jongsozialisten eng Plainte, nodeems hien op Facebook Affer vun Haasskommentare gouf, an elo de virleefegen degoûtanten Héichpunkt, wann ee sou wëll, d'Affiche vu Xavier Bettel a Corinne Cahen, am Rond-point Gluck an der Stad, op där eng Persoun zwee Feiler gemoolt huet, driwwer steet a grousse Buschtawen "Juden". Och hei gouf Plainte deposéiert.

De Vandalismus, deen een dëser Deeg erlieft, huet eng Qualitéit erreecht, déi ech an där Form an dësem Land esou nach net erlieft hunn. Verschidde Leit argumentéieren, et géif een den Idioten, déi derhannert stiechen, eng ze vill grouss Plattform, jo eng gewëssen Unerkennung ginn, wann een ëffentlech iwwer hir Akte schwätzt. Ech mengen awer, d'Zäit, an där mer d'Ae viru sou Faiten, viru Rassismus an Antisemitismus zoumaachen, muss eriwwer sinn. Si sinn nämlech mat näischt ze verzeien oder kleng ze rieden. Et ass keen domme Baart oder soss eppes Topeges, dat een op eng Affiche krozelt. Et si Strofdoten, Entgleisungen, déi eng weltoppe Gesellschaft net hinhuele kann, wa se och nëmme bësschen d'Geschicht eescht hëlt an draus geléiert huet. Et muss een dës Ruckelzegkeeten an aller Däitlechkeet ëffentlech denoncéieren, fir datt jiddereen hei am Land gesäit, datt, net nëmme wäit ewech zu Chemnitz, ma och hei zu Lëtzebuerg verschidde Persoune sech am 21. Joerhonnert net méi scheien, mat Nazi-Symbolik ëm sech ze geheien. Gedriwwe vläicht vun deem, wat ronderëm eis geschitt ... Net just op enger Fassad an engem Hannerhaff, mä op grousse Calicoten iwwer Land.

Parallel zum Vandalismus mécht sech awer och an dësem Walkampf eng gewësse Rhetorik breet. D'Parteie sinn an der Course, wien dee beschte Patriot ass, huet d'Auslännerassociatioun Asti d'lescht Woch kommentéiert. De Walkampf 2018 gëtt effektiv erstaunlech offensiv op engem rout-wäiss-bloen Hannergrond gefouert. Déi eng halen op d'Sprooch, Lëtzebuerg hei, Lëtzebuerg do, anerer hunn eist Land gär. Gedriwwen all vun der Angscht, Terrain un d'Populisten ze verléieren, loosse si selwer sech dozou hiräissen, mat patrioteschen Heemechts-Téin Stëmmung ze maachen. Dobäi misst antëscht jidderee wëssen, datt d'Wieler dach awer an de meeschte Fäll dem Original trei bleiwen. An dat Original, an dësem Fall, huet sech dës Kéier mat de Konsorte vum "Wee2050" Leit wéi den Tom Weidig an d'Boot geholl, deen, dat kann een ënnert anerem um Site vum Blogger Maxime Weber noliesen, an der Vergaangenheet net gezéckt huet, fir d'Nazi-Occupatioun hei am Land ze verharmlosen. "D'Nazien hätten d'Lëtzebuerger wéinstens net erhéngere gelooss, op jidde Fall net zu Lëtzebuerg", heescht et op där enger Plaz. "Nee, et war net eppes Eemoleges. Mao a Stalin hunn an där Zäit och Milliounen ëmbruecht", schreift de Kandidat op enger anerer Plaz. Wären dës Aussoe vun engem Parteimember komm, hätt et mat Sécherheet Diskussiounen iwwert e méigleche Parteiausschloss ginn wéi zejoert beim Joe Thein, huet de Gast Gibéryen op Nofro an engem Interview mat reporter.lu zouginn. De Kandidate vum "Wee2050" hätt een awer eng gewësse Carte blanche ginn. Ma dann ass jo alles an der Rei ...