Sky full of stars

Gëscht gouf gewielt, hënt huet d'Equipe Bettel, Schneider, Braz alles kloer gemeet a lo soll et séier goen - pour la forme ginn och d'Partei-Gremien nach gefrot a kréien d'Weiderféieren vun der Dräierkoalitioun proposéiert. Dat ass gutt fir d'Land, seet de Roy Grotz an interpretéiert de Wielerwëllen...
... an deen huet fir mech eng kloer Sprooch geschwat. D'Leit am Land wëllen eng Politik, déi egal mat wéi engem Partner soll d'Handschrëft vun deene Gréngen droen. D'Leit am Land si sech bewosst, dass de Klimachangement batter Realitéit ass, datt Natur an Ëmwelt mussen priméieren, wann mir nach weider wëllen harmonesch matenee liewen an datt de grousse Problem vun der Mobilitéit an dem Transport konsequent muss ugepaakt ginn. D'Leit am Land wëllen effektiv "Zukunft, Zesummenhalt, gutt Liewen" - déi Gréng hu mat hirem Slogan d'Fauscht op d'A getraff an d'Problemer vum Land benannt. D'Wieler hunn dëst mat hirem Vote honoréiert, an déi Gréng mat 9 Deputéiert an d'Chamber gewielt. Et stëmmt, dass d'Wieler domat och d'Politik vun der Dräierkoalitioun honoréiert hunn - op d'mannst allemol déi vun der DP.
Et ass gutt, dass de Regierungschef mat senger – him eegener- zevirkommender Aart a Weis ukoum an plebizitéiert gouf - un him- dem Rassembleur - Xavier Bettel ass et, fir d'Weiderféiere vun enger couragéierter Zukunftspolitik anzestoen: fir eng liberal Familljepolitik, fir Schüler a Studenten, déi mat performanten Diplomer d'Schoul verloossen fir eng Politik, déi de Logementsproblem konsequent ugeet - Gambia hat hei ugerappt; lo muss dës Aarbecht weidergoen, duerfir ass d'Suite vu Blo-Rout-Gréng eng Chance fir d'Land, wann d'Touche vun deene Gréngen net ze kuerz kënnt, wëel léif Gréng Politiker, dëse Score ass keen einfachen Merci fir geleeschten Déngschter mee en héijen Usproch, deen d'Wieler un Iech erugedroen un - an dee wëll erfëllt ginn, soss geet et bei de nächste Wahlen genee sou séier biergof, wéi elo biergop.
A propos biergof: wéi d'LSAP de Komerodinnen an Komeroden wëll erklären, wéi ee mat Minus 3 Sëtz awer nach wëll als credibelen Regierungspartner do stoen, dat bleift hire Secret; dass en déifgräifend A-Fro-Stellen incontournabel ass, schéngt kloer, ob dat an der Regierung als Juniorpartner geschitt - och dat bleift opstoen fir dës houfreg Vollekspartei.
Bei der CSV ass dee Prozess ewell lancéiert a wann ee sech nach an der Campagne wéi eng Fra an ee Mann hannert de Claude Wiseler gestallt huet, sou sinn elo ewell déi verschidden Campen am Gaangen, sech ze positionéieren, fir d'Soen an der Partei z'iwwerhuelen - eng zweet Chance fir sech z'erneieren gëtt et an der Oppositioun. De Wielerwëllen gëtt deemno mat der öko-sozial-liberaler Reformkoalitioun weidergefouert - un hiren Dote wäerte si gemooss ginn, op d' mannst ka Kee méi soen, dass lo d'Tiräng an de Ministèren eidel wieren an vill Projete wäerten elo séier Stullgang kréien. Den Himmel ass voller Stären, déi 3 kënnen weider duerno gräifen, an dat ass sécher net op de Space-Mining limitéiert.